International Scientific Optical Network

D'International Scientific Optical Network (ISON) ass eng Grupp vun astronomeschen Observatoiren an zéng Länner.

Zil vun der Kollektivaarbecht ass et, verschiddenaarteg Objeten am Weltraum opzespieren. Et gëtt vum Keldysch-Institut fir ugewannt Mathematik geleet (russesch: Институт прикладной математики им. М.В.Келдыша), dat zu der Russescher Wëssenschaftsakademie gehéiert.

Zu den Entdeckunge vum Institut gehéieren d'Koméiten C/2010 X1 (Elenin) an C/2012 S1 (ISON). Dee leschte krut säi populären Numm (ISON) no der englescher Ofkierzung vum Observatiounsnetzwierk.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren