International Academy of Astronautics

D'International Academy of Astronautics (IAA) ass eng international Zesummenaarbecht vun Experten, déi sech virun allem d'Fërderung vun der friddlecher Entwécklung vun der Raumfaart zum Zil gemaach hunn.[1] Si ass eng Netregierungsorganisatioun, déi de 16. August 1960 zu Stockholm vum Theodore von Kármán gegrënnt gouf. Si schafft enk mat der International Astronautical Federation an nationale souwéi internationale Raumfaartagenturen zesummen. D'IAA publizéiert all Mount de Journal Acta Astronautica.[2] Am August 2009 gouf de G. Madhavan Nair zum President vun der Organisatioun gewielt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. IAA Kuerzduerstellung@iaaweb.org (gekuckt de 14. Oktober 2010)
  2. Acta Astronautica Journal Archivéiert op 2010-03-16. Gekuckt de(n) 2014-02-01.