Internationaalt Joer vun der Astronomie

Op e Virschlag vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU), ass d'Joer 2009 zum Internationale Joer vun der Astronomie erkläert ginn. Genee 400 Joer virdrun, am Joer 1609, huet de Galileo Galilei an nach aner Geléiert fir d'éischt en Teleskop fir astronomesch Observatiounen agesat, an de Johannes Kepler huet mat sengem Wierk "Astronomia Nova" de Grondsteen zum bessere Verstoe vun de physikalesche Gesetzméissegkeete ginn, deenen d'Himmelskierper follegen.

Internationale Logo zum Joer vun der Astronomie

E Schreiwes vun den Italieener un d'UNESCO, déi fir pedagogesch, wëssenschaftlech a kulturell Wäerter verantwortlech Institutioun vun de Vereente Natiounen, gouf ugeholl, wat d'IAU den 30. Oktober 2006 zu Paräis offiziell bekannt ginn huet. De formelle Beschloss vun der 62. UN-Generalversammlung ass den 20. Dezember 2007 erfollegt. Mat enger feierlecher Zeremonie gouf de 15. Januar 2009 dat Internationaalt Joer vun der Astronomie offiziell ageweit. Méi wéi 600 Wëssenschaftler hu sech op Invitatioun vun der UNESCO op der Ouverture zu Paräis getraff.

D'Koordinéierung vum Internationale Joer vun der Astronomie 2009 huet d'IAU iwwerholl. Dës Initiativ soll alle Mënschen d'Geleegenheet bidden, ee méi déiwen Abléck an d'Astronomie ze kréien. Ausserdeem wellen d'Astronomen d'Joer 2009 als Plattform gebrauchen, fir der Ëffentlechkeet iwwer déi neiesten astronomesch Entdeckungen z'informéieren.

Bedeitung vum Joer 1609 fir d'Astronomie änneren

De 25. September 1608 reest den Hans Lippershey, e jonke Mann aus Middelburg, no Den Haag, fir seng Erfindung, en Teleskop, der hollännescher Regierung virzeféieren. Obschonn him d'Patent net zouerkannt gouf, héiert de Galileo Galilei vun dëser Geschicht an entscheet sech dofir, dat "hollännescht Perspektivglas" ze gebrauchen an et op den Himmel ze riichten.

Am Joer 1609 war de Prinzip vum Teleskop op verschiddene Plaze bekannt. De Galileo Galilei an nach aner Astronomen hunn hiert Teleskop an den Nuetshimmel geriicht an doduerch erstaunlech Entdeckunge gemaach. De Mënschen hir Virstellung vun der Welt gouf grondleeënd verännert: Vill Stären, déi mat bloussem A net ze gesi waren, goufen entdeckt, Bierger a Krateren um Äerdmound souwéi déi Galiléiesch Mounde vum Jupiter. Am selwe Joer publizéiert de Johannes Kepler säi Buch "Astronomia Nova", an deem hien déi grondleeënd Gesetzer vun der Planéitebeweegung opstellt.

Zil vum IYA (International Year of Astronomy) änneren

D'Astronomie, déi eelst Naturwëssenschaft, huet an de meeschte Kulturen eng wichteg Roll gespillt. Dat Internationaalt Astrononomiejoer 2009 (IYA2009) hat sech als Zil gesat, weltwäit jonk Leit fir d'Astronomie an allgemeng fir d'Wëssenschaften ze begeeschteren. De Motto war: "De Weltraum: Du liefs dran – entdeck en!"

Iwwer 100 national Kommiteeë goufen zesummegesat, fir d'Projeten am Kader vum IYA2009 ze koordinéieren an d'Ëffentlechkeet doriwwer z'informéieren. Déi Kommiteeë si Kooperatiounen tëscht Beruffs- an Amateurastronomen, Planetarien an Observatoiren, Instituter a Kulturariichtungen. Déi eenzel Länner wäerten hir eegen Initiativen entwéckelen, wärend d'IAU als Koordinator vum ganzen Ereegnes optrëtt.

No der IYA2009-Websäit ass d'Haaptzil vum IYA2009 ënner anerem:

  1. Verbesserung vun der wëssenschaftlecher Allgemengbildung
  2. E besseren Zougang zu neien astronomeschen Asiichten
  3. Ënnerstëtzung vun astronomeschen Aktivitéiten an den Entwécklungslänner
  4. E bessert Netzwierk fir déi astronomesch Ëffentlechkeetsaarbecht
  5. Konservéierung a Schutz vum Naturdenkmal Nuetshimmel an der natierlecher Nuetsëmwelt

Das IYA2009 wird auch weniger etablierten Organisationen aus Entwicklungsländer helfen, in größeren Organisationen involviert zu werden und ihre Beiträge, verbunden über ein globales Netzwerk, zu liefern. Diese Initiativ zielt auch darauf ab, arme Kinder auf der ganzen Erde zu erreichen und ihr Verständnis für die Welt zu verbessern.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Internationaalt Joer vun der Astronomie – Biller, Videoen oder Audiodateien