Inter-Agency Space Debris Coordination Committee

Den Inter-Agency Space Debris Coordination Committee (IADC) ass en internationale Forum vu Weltraumorganisatioune fir d'Koordinatioun vu kollektive staatlechen Aktivitéiten zum Theema Weltraumschrott. Den IADC ass keng juristesch Persoun an huet och keng juristesch Vertriedung, mä lieft nëmmen duerch déi praktesch Zesummenaarbecht vun de Memberen.

Den IADC gëtt och ouni Respekt a kritesch als Club vun de Weltraumverschmotzer bezeechent, well all de Weltraumschrott vun deenen Natiounen déi Weltraumaktivitéiten hunn, selwer gemaach gouf.[1]

Opbau änneren

Déi praktesch Zesummenaarbecht ass an enger Grupp (steering committee) mat véier Aarbechtsgruppe (Working Groups) organiséiert,

  • WG 1 fir Miessungen,
  • WG 2 Ëmwelt an Datebank,
  • WG 3 Schutz (géint Weltraumschrott) an
  • WG 4 Kierzung (Zil: Verklengerung vum Weltraumschrott).

All Membere mussen an der Grupp an an der WG 4 vertruede sinn. An den iwwregen Aarbechtsgruppen ass d'Mataarbecht vun zwéin oder dräi Experte jee Memberorganisatioun méiglech an erwënscht, awer keng Flicht.

Memberschaften änneren

2014 ware follgend Weltraumagenture Member vum Koordinationskommitee fir Weltraumschrott:[2]

Geschicht vum Comitee änneren

De Comitee gouf 1993 vun der ESA, Japan, der NASA an der russescher Raumfaartagentur RKA gegrënnt.[3]

2002 hunn d'IADC-Memberen eng Eenegung iwwer kollektiv Richtlinne fir Reduzéiere vu Weltraumschrott erzilt. 2003 huet de Subcomitee SC 14 Space systems and operations (Raumfaartsystemer an -operatioune) vum Technesche Comitee TC 20 Aircraft and space vehicles (Loftfaart- a Raumfaartgefierer) vun der Internationaler Organisatioun fir Normung (ISO) d'Aarbechtsgrupp Orbital Debris Coordination Working Group (ODCWG) ageriicht. Zil vun der ISO/TC 20/SC 14 ODCWG war d'Entwécklung vu Standarde fir Raumfaartoperatioune mam Zil vun der Verkierzung vu Weltraumschrott.[4]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Hervé Ponchelet: Au péril des épaves, Le Point, 7. Mäerz 2003 (franséisch).
  2. [1]
  3. Georg M. Levin (NASA), Walter Flury: Inter-Agency Space Debris Coordination Committee (IADC), S. 3, 1997 (PDF, d'RKA gëtt am Dokument deelweis och als RSA bezeechnet)
  4. Dr. Emma Taylor, United Kingdom lead, ISO/TC 20/SC 14, Orbital Debris Coordination Working Group: Reducing orbiting space debis in ISO Focus, Oktober 2005, S. 13–15