D'Inger Christensen, gebuer de 16. Januar 1935 zu Vejle an Dänemark a gestuerwen den 2. Januar 2009, war eng dänesch Schrëftstellerin, déi zu de bedeitendsten europäesche Lyrikerinne vun hirer Generatioun gezielt huet.

Inger Christensen
Gebuer 16. Januar 1935
Gestuerwen 2. Januar 2009
Kopenhagen
Nationalitéit Dänemark
Aktivitéit Dichter, Romancier, Essayist, Kannerbuchauteur, Schrëftsteller, Dramatiker

D'Inger Christensen huet eng Ausbildung als Primärschoulléierin gemaach an huet dunn Medezin, Chimie a Mathematik zu Kopenhagen studéiert. Si huet e puer Joren op enger Konschthéichschoul geschafft.

Hiren éischte Gedichtband Lys (lb.: Luucht) koum 1962 eraus, an ee vun hiren Haaptwierker, de Gedichtzyklus Det (lb.: Dat), 1969.

Alfabet (lb.: Alphabet), hiert zweet Haaptwierk, koum 1981 eraus. Donieft huet si eng Rëtsch aner Gedichtsbänn, mä och zwéi Romaner, Kanner- a Jugendbicher, Theaterstécker, Lauschterstécker an Essaye geschriwwen.

Um Spaweck änneren