Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Als Infraroutstralung (kuerz IR-Stralung, och Ultrarotstralung) bezeechent een an der Physik elektromagnéitesch Wellen am Spektralberäich tëscht visuellem Liicht an der méi laangwelleger Terahertzstralung. Als Infrarout gëtt de Spektralberäich tëscht 7,8×10−7 m an 10−3 m (780 nm und 1 mm) bezeechent, wat engem Frequenzberäich vun 3×1011 Hz bis zirka 4×1014 Hz entsprécht.

E Bam virum Lehmbruckmuseum zu Duisburg (Foto am siichtbare Spektralberäich)
Dat selwecht Motiv fotograféiert mat Gebrauch vun engem IR-Transmissiounsfilter (Powershot A70 + Hoya 780), opgezeechent gëtt nëmmen Infrarout am Beräich vu 700–1000 nm

Andeelung vum Spektralberäich änneren

Eng Andeelung vum Spektralberäich berout op den Aarte vun de Moleküllschwéngungen, déi sech op d'Uwendungen auswierken. D'Begrëffer sinn net sou eendeiteg wéi am visuelle Beräich definéiert a ginn deels duerch d'Uwendungen oder speziell physikalesch Phenomeener bestëmmt, wouduerch et méi ënnerschiddlech Bezeechnunge gëtt. D'International Commission on Illumination (CIE) an "DIN5031" schloen d'Andeelung an dräi Bänner vir: IR-A, IR-B an IR-C (MIR an FIR).

Andeelung vun der Infraroutstralung no DIN 5031
Benennung Kuerzzeechen Wellelängt
an μm
Temperatur
no Wien
Asazberäicher/Bemierkungen
noen Infrarout NIR IR-A 0,78…1,4 3700 K…
  • kuerzwellegen Deel vum NIR-Beräich, 780-nm-Grenz bedéngt duerch deen dem Sonnespektrum ugepasste mënschleche Séisënn.
  • fotografescht Infrarout (ColorInfraRed, CIR) läit bei 0,7–1,0 µm: Fotografesche Film kann dëse Welleberäich ophuelen.
IR-B 1,4…3,0
  • laangwellegen Deel vum NIR-Beräich
  • d'Begrenzung ass an der Waasserabsorptioun bei 1450 nm begrënnt.
mëttleren Infrarout MIR IR-C 3…50 1000…60 K
  • Beräich vun thermescher Stralung bei ierdeschen Temperaturen
wäiten Infrarout FIR 50…1000 …3 K
  • D'Atmosphär absorbéiert hei staark, op der Grenz zum Mikrowelleberäich gëtt grad nach déi kosmesch 3-Kelvin-Stralung siichtbar.

Eng aner Ënnerdeelung, déi dacks am angloamerikanesche Raum souwéi bei der Spezifikatioun vun Äerdfuerschungsskamerae gebraucht ginn

  • not Infrarot (op Englesch: near infrared, NIR) ass kuerzwelleg IR-Stralung, déi sech direkt an de visuelle (roude) Beräich uschléisst vu 780 nm bis 1400 nm.
  • kuerzwellegt Infrarout (englesch: short wavelength, SWIR) 1,4 bis 3,0 µm
  • mëttlert Infrarout (englesch: mid wavelength, MWIR) schléisst bei Wellelängte vun 3,0 µm bis 8 µm drun un.
  • laangwellegt Infrarout (englesch: long-wavelength, LWIR) 8 bis 15 µm
  • wäit Infrarout (englesch: far infrared, FIR) ass laangwelleg IR-Stralung vu 15 µm bis 1 mm an iwwerschneit sech mat dem Beräich vun der Terahertzstralung.

Geschicht änneren

D'IR-Stralung gouf ëm 1800 vum däitsch-britteschen Astronom, Techniker a Museker Friedrich Wilhelm Herschel beim Versuch, d'Temperatur vun de verschiddene Faarwe vum Sonneliicht ze miessen, entdeckt. Hien huet dozou d'Sonneliicht duerch e Prisma fale gelooss an en Thermometer an déi eenzel Farfberäicher placéiert. Dobäi huet hie bemierkt, datt op der anerer Säit vum rouden Enn vum visuelle Spektrum, d'Thermometer déi héchst Temperatur gewisen huet. Aus dem observéiertem Klamme vun der Temperatur huet hie geschloss, datt sech d'Sonnespektrum déi aner Säit vum Roude virusetzt.

IR-Quellen änneren

Ëmgangssproochlech gëtt IR-Liicht dacks mat Wäermtstralung gläichgesat, bei Mikrowelle wéi och beim visuelle Liicht, wéi de ganzen elektromagnéitesche Spektralberäich, zur Wäermtstralung bäidroen. Breetbandeg IR-Quelle sinn thermesch Straler wéi beispillsweis Gléiluuchten an den Heizstraler (s. a. Keramesch Infraroutstraler). Ënnerschiddlech Infraroutstraler goufen entwéckelt, fir domat d'Villsäitegkeet vun Uwendunge vun der Infraroutstralung méi spezifesch ofzedecken, beispillsweis Globar a Nernst-Stëft.

Stralennoweis änneren

Fir den Noweis vun IR-Stralung vun alle Wellelängten eegne sech thermesch Detekteren (Thermoelemente oder Bolometer). Am kuerzwellege Beräich ginn hallefleedendbaséiert Detektere gebraucht (kuckt och ënner: zentrale photoelektreschen Effet), woubäi och Digitalkameraen ze gebrauche sinn, wann hire IR-Spärfilter net ze staark ausgeluecht ass. Fir d'Ophuele vun IR-Biller am noen Infraroutberäich eegne sech weider speziell fotografesch Filmer a bei laange Wellelängten (am mëttleren Infrarout) gi gekillten Hallefleederdetekteren oder pyroelektresch Sensoren (Uwendung z. B. am PIR-Beweegungsmelder) gebraucht.

Astronomie änneren

 
Andromedaniwwel am infraroude Liicht bei 24 μm

   Haaptartikel zu dësem Theema: Infraroutastronomie 


An der Infraroutastronomie observéiert ee „kill“ Objeten (méi kal wéi 1000 K), déi an anere Spektralberäicher kaum ze gesi sinn, oder Objeten, déi an oder hanner enger interstellarer Wollek leien.

Zousätzlech hëlleft d'IR-Spektroskopie bei der Analys vun den observéierten Objeten. Dobäi gi wéi an der Chimie mat der Infraroutspektroskopie Bänner vu bestëmmte Substanzen nogewisen, sou z. B. Methangas um Exoplanéit beim Fixstär HD 189733.

Elektronik a Computertechnik änneren

 
USB-Infraroutport fir PC

Infraroutfernbedienungen, Optokoppler an déi meescht Liichtbarrièrë schaffen am noen Infrarout bei 880 bis 950 nm Wellelängt, well do Silicium-Photodiode a Phototransistoren hir héchsten Empfindlechkeet hunn.

Infraroutschnëttstelle vu Computere schaffen och an deem Wellelängteberäich a maachen eng drotlos Kommunikatioun mat Peripherieapparate méiglech. Déi optesch Dateniwwerdroung mat IR-Laser duerch d'Atmosphär gëtt duerch d'optesch Fräiraumiwwerdroung charakteriséiert.

Dobäi war d'Firma Hewlett Packard eng vun den éischte Firmen, déi d'Infrarouttechnik mat der EDV verbonnen huet. Am Joer 1979 integréiert se fir d'éischt eng IR-Schnëttstell an engem Täscherechner, fir sou eng Verbindung zu engem Drécker hierzestellen. Am Joer 1990 gouf du fir d'éischt eng IR-Schnëttstell an engem PC integréiert. Déi Schnëttstell gouf zu engem éischte Standard. Well si seriell schafft, gouf si Serial Infrared (Seriellt Infrarout), ofgekierzt SIR genannt. Aus Vitessgrënn ass dëse Standard haut duerch dat ofwäertskompatibel Fast-IR ofgeléist ginn, wat PCen an all Desktop-Mainboard vum Baujoer 2002 un ënnerstëtzt (resp. fir den Uschloss vum Sender/Empfänger virbereet ass). PDAen an Notebooks (bis ongeféier Baujoer 2006) hunn sou een Infraroutapparat agebaut, genee wéi verschidde Mobiltelefonen. D'Infraroutschnëttstelle gi lues a lues duerch Bluetooth ersat.

An der Telekommunikatioun gëtt IR-A wéinst vun der niddreger Absorptioun an Dispersioun a Glasfaser favoriséiert gebraucht. D'Standardwellelängt läit an der optescher Dateniwwerdroung mat Glasfaser bei 1550 nm.

Mat Wäermtbildsensore kann och d'Beweegung vun enger Infraroutstralungsquell erkannt ginn. Déi gëtt beispillsweis fir d'Steierung vun der Spillkonsol Wii vun Nintendo gebraucht.

Vegetatioun änneren

Am noen Infrarout huet déi gréng Vegetatioun eng ongeféier sechsmol méi héich Reflexioun wéi am visuelle Spektralberäich, well frësche Blattissu eng gutt Reflexioun huet an déi iwwereg Wellelängte vum Chlorophyll an de Karotinoiden absorbéiert ginn. Dësen Effet gëtt fir d'Erkennung vu Vegetatiounsfläche benotzt. Vun enger Zeen ginn zwee Biller geholl, eent am visuellen, an dat anert am noen infraroude Beräich. Dacks gi Multispektralkamerae gebraucht. Duerch d'Divisioun vu béide Biller gëtt d'Vegetatioun däitlech siichtbar a ka liicht segmentéiert ginn.

Iwwer d'spektral Reflexioun besonnesch am noe bis wäiten Infrarout vu grénger Vegetatioun gi Vegetatiounstyppen ënnerscheet, an de jeeweilege Gesondheetszoustand vun der Vegetatioun gëtt erkannt. De Gesondheetszoustand vun de Planzen hänkt an éischter Linn vun hirer Waasserversuergung of. Dréchenheet, Pilz- an Insektebefall ass z'erkennen.

Medezin änneren

Heizluuchte stralen am Infrarouden a si schonn zanter laangem fir medezinesch Zwecker am Asaz.

Wäermtstralung vun Hëtzstraler (keramesch Infraroutstraler mat laangwelleger IR-Stralung, Routliichtluuchten, déi virrangeg not IR emittéieren) gëtt agesat fir ërtlech Behandlung vun Entzündungen (Nuesenniewenhielen). Fir d'Ganzkierperbehandlung kuckt Infraroutwäermtkabinn. Infraroutstralung gëtt an der Medezin och dacks a Form vu Laser gebraucht. D'Asazgebidder ëmfaassen dobäi besonnesch d'Haut-, Aen- an Zännmedezin (Optesch Koherenztomographie, Schneiden, Koaguléieren, Liichttherapie).

Not Infrarout geet déif ënner d'Haut eran, wärend besonnesch MIR schonn op der Uewerfläch vun der Haut an der Hornhaut vum A absorbéiert gëtt. Not Infrarout vun héijer Intensitéit (Laserstralung) ass dofir besonnesch geféierlech fir d'Aen an d'Haut, well et am A onbemierkt bis un Netzhaut kënnt, do fokusséiert gëtt an Zerstéierunge verursaacht. Um Kierper gëtt et a Regiounen absorbéiert, wou keng Temperatursensore sinn a kann dofir och do dacks onbemierkt Schued uriichten.

Fir d'Féiwermiessung gi Pyrometere gebraucht, déi d'Temperatur am Ouer duerch d'Wäermtstralung am mëttleren Infrarout moossen.

Zum Opfanne vu lokalen Entzündunge ginn Thermographiefotoe gemaach.

Dir d'Moosse vun der Sauerstoffsiedegung vun de roude Bluttkierpercher déngt d'Pulsoxymetrie.

Verkéier, Police a Militär änneren

 
Nuechtsiichtapparat, festgemaach um Helm vun engem Zaldot

Am Auto kann eng Infraroutkamera (NIR-Beräich) benotzt gi fir d'Sécherheet bei Nuecht- an Niwwelfaarten ze verbesseren. Dobäi kritt de Chauffeur d'IR-Bild op engem Display ugewisen. D'System gëtt och als „Night Vision“ bezeechent, an et gëtt behaapt, datt si eng däitlech gréisser Sécherheet bei schlechter Siicht erméiglechen, well d'Duerchdréngungsfäegkeet a Reechwäit vum infrarouden Undeel am IR-Beräich vill méi héich ass wéi am siichtbare Beräich.

Jeeër, Police a Militär gebrauchen drobar Nuechtsiichtapparater a Reschtliichtverstäerker am noen Infrarout (zentrale Baudeel: Bildverstäerker), fir an der Däischtert onsiichtbar Objeten erkennen ze kënnen, woubäi och zousätzlech Infraroutbeliichtung agesat ka ginn. Helikopterpiloten (Police an Arméi) fléien nuets mat Hëllef vun engem Nuechtsiichtbrëll um Helm, vun deem viru jiddwer A en eefaarwegt Bild vun der Wäermtofstralung vun Objeten um Buedem produzéiert gëtt. Baussen um Helikopter kann eng beweeglech Kamera montéiert sinn, déi am siichtbare wéi och am infraroude Liichtspektrum Videobiller liwwert. Déi ginn zum Beispill bei der Sich no vermëssten oder flüchtege Persounen och an der Däischtert gebraucht.[1]

Vill Typpe vu Lenkfluchkierper fannen hiert Zil iwwer Wäermtstralung, wéi z. B. déi vu Fligerdreifwierker. Fir d'Ofwier hunn nei Kampffliger a Militärschëffer Ariichtungen, déi Täuschungskierper (Flares) ausstoussen, fir dës Waffe vum Fliger resp. Schëff ofzeleeden.

Thermographie änneren

 
Eng Infraroutfoto (MIR, ëm 10 µm) vun engem klengen Hond (Falschfarwenduerstellung)

Mat Hëllef vun der Thermographie loosse sech „Wäermtbiller“ maachen, fir déi d'Infraroutstralung d'Wäermt vun de Géigestänn ausnotzt.

Eng besonnesch Uwendung ass d'Bauthermographie fir d'Qualitéitssécherung an d'Visualiséierung vu Wäermebrécken a Wäermeverloscht u Gebaier. Doduerch kënne wärmedämmend Bestëmmungen erreecht an agesat ginn.

An der Diagnos an Instandhaltung von elektrischen, elektronischen und mechanischen Baugruppen, Anlagen oder Maschine wird die Thermographie als ergänzende Messmethode zur präventiven Mängel- und Schadenserkennung eingesetzt. Mat der Thermographie kënne kritesch Zoustänn („Hot Spots“) vu Maschinnen, Anlagen an Installatioune wärend dem Betrib ermëttelt ginn. Doduerch kënne schonn fréizäiteg Ännerunge fir Verbesserunge getraff a sou Ausfäll a Schied eliminéiert ginn.

D'Thermographie gëtt och bei der Schwéngungsanalys a Festegkeetspréifung agesat. Rësser a labber Verbindunge verrode sech duerch hir Wäermtentwécklung.

Mit Infrarout-Pyrometer ginn ouni ze beréiere Prozesstemperature an Temperature vu Baudeeler a Killkierper gemooss a kontrolléiert.

D'Pompjeeë benotzen drobar Wäermbildkamerae fir d'Opspiere vu Brandplazen oder fir d'Rettung vu Leit a Raimlechkeeten, déi voller Damp sinn

Um Spaweck änneren

Commons: Infraroutstralung – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Bayerischer Rundfunk (Hrsg.): Rettungsaktion: Polizeihubschrauber im Einsatz. abgerufen am 13. März 2009 (Video-Beispiel)