Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

Eng Infektiounskrankheet, ustiechend Krankheet oder iwwerdrobar Krankheet ass eng Erkrankung, déi vun Erreeger (Pathogenen) verursaacht gëtt. Bei de Planze schwätzt ee bei enger Infektiounskrankheet och vu Befall.

Malaria ass eng Infektiounskrankheet, déi duerch e Parasit, de Plasmodium Falciparum (Bild ënnert dem Mikroskop) vu Mécken op Déieren an de Mënsch iwwerdroe gëtt.

Als Infektioun oder Ustiechung bezeechent een d'Andrénge vun den Erreeger an en Organismus, dee si besidelen an an deem se sech multiplizéieren.[1] Als Konsequenz reagéiert den Organismus op déi Infektioun. Net all Infektioun féiert noutwendegerweis zu enger Erkrankung.

D'Wëssenschaft, déi sech mat Infektiounskrankheete befaasst, nennt een Infektiologie.

Andeelung änneren

Zu de Mikroorganismussen, déi eng Infektioun erméiglechen, zielen d'Bakteerien, d'Virussen, d'Champignonen an d'Parasitten. Et ënnerscheet een och tëscht endogeenen an exogeenen Infektiounen. Bei der endogeener Infektioun kommen d'Krankheetserreeger dacks aus dem eegene Kierper, wéi zum Beispill aus der Flora vum Daarm oder der Haut. Am Normalfall si se harmlos, mee an engem geschwächten Immunsystem kënnen si eng Infektioun ausléisen. Exogeen Erreeger stamen vu baussent dem Kierper.[2]

Krankheetserreeger kënnen iwwer ënnerschiddlech Weeër iwwerdroe ginn. Dat hänkt vun der Zort Erreeger an der Plaz of, wou e sech am beschten iwwerdroe léisst. D'Manéier vun der Iwwerdroung beaflosst, wéi séier sech eng Krankheet verbreet. Bei der Kontaktinfektioun gi Krankheetserreeger vun engem kranken Organismus op e gesonden Organismus duerch direkte Kierperkontakt, wéi zum Beispill d'Beréieren, iwwerdroen. Bei enger Schmierinfektioun geschitt dat indirekt, zum Beispill an deem e Liewewiesen a Kontakt mat engem Géigestand kënnt, dee mat infektiéise Kierpersekreter wéi Spaut oder Exkrementer kontaminéiert ass. Bei enger Drëpseninfektioun gi Bakteerien oder Virussen duerch winzeg Drëpsen iwwer droen. Si stamen aus den Otemweeër a fléien duerch d'Loft, wou si vun anere Liewewiese bei der Ootmung aus der Loft opgeholl ginn.[2]

Verlaf änneren

De Krankheetsverlaf an d'Symptomer vun den Infektiounskrankheet variéiere staark an hänke vun den Erreeger of. Si kënnen héichakut an e puer Deeg entstoen oder sech iwwer Wochen, Méint oder heiansdo souguer Jore lues entwéckelen. Et gëtt lokaliséiert - also op konkreet Kierpergebidder beschränkten - a generaliséiert Infektiounskrankheeten. Verschiddener lafe bei engem net immungeschwächte Liewewiesen quasi onbemierkt (inapparent) of oder äussere sech nëmmen a liichten, onspezifesche Stéierunge vum Allgemengbefannen. Aner Krankheeten entwéckelen en héichdramatescht Krankheetsbild.

De Wiert kann Infektioune mat sengem Immunsystem bekämpfen. Mamendéiere reagéieren op Infektioune mat enger ugebuerener Reaktioun, déi dacks fir d'éischt eng Entzündung an dann eng adaptiv Reaktioun mat sech bréngt. Dozou gehéieren zum Beispill Féiwer, eng méi héich Bols- an Otemfrequenz, an och Duuscht an d'Bedierfnes no Rou.

Geleefeg Infektiounskrankheete beim Mënsch sinn déi vun den Otemweeër (Erkältung, Bronchite, Longenentzündung, Gripp, Covid-19), dem Mo-Daarm-Trakt (Gastroenterite, Liewensmëttelvergëftung, Hepatitt), den Harn- a Geschlechtsorganer (Blosenentzündung, Geschlechtskrankheeten), der Haut an de Schläimhait (Waasserpouken, Riedelen, Riselen, Mumps, Herpes, Scharlach) an den Aen an Oueren (Bindehautentzündung, Ouerenentzündung).

Fir de Mënsch gëtt et speziell Medikamenter fir Infektiounen ze behandelen, dorënner Antibiotiquen.

Um Spaweck änneren

Commons: Infektiounskrankheeten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Pschyrembel Online: Infektion
  2. 2,0 2,1 DocCheck Flexikon: Infektion