Impaktitte si Steng, déi bei engem Meteorittenaschlag doduerch entstinn, well staark mechanesch Kräften wéi héijen Drock an héich Temperaturen déi op der Plaz vum Aschlag entstinn, ierdescht Gestengs veränneren. D'Steng ginn ënner anerem zerstéiert, et entstinn duerch Ëmbildung nei Mineralen an d'Steng kënnen deelweis geschmollt ginn an als Impaktglas nees ofkillen. Nei Mineralen déi fir Impaktitte charakteristesch sinn, sinn zum Beispill d'Siliziumdioxid-Varietéite Stishovit a Coesit, déi nëmmen ënner héijem Drock entstinn.

De Suevit, en Impaktsteen aus dem Nördlinger Ries

De Virgank, bei deem Impaktitten entstinn, bezeechent een als Stousswellemetamorphos.

An Däitschland ass d'Nördlinger Ries dee bekanntsten Aschlagkrater mat Impaktitten, zum Beispill d'Suevitten.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Impaktitten – Biller, Videoen oder Audiodateien