Il fornaretto di Venezia (Film 1963)

Il fornaretto di Venezia ass e franséisch-italieenesche Film vum Duccio Tessari aus dem Joer 1963.

Il fornaretto di Venezia
Film
Produktiounsland Italien
Frankräich
Produktiounsjoer 1963
Première 1963
Dauer 100 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Italieenesch
Ekipp
Regie Duccio Tessari
Dréibuch Marcello Fondato
Duccio Tessari
nom Buch vum
Francesco Dall'Ongaro
Fotografie Carlo Carlini
Musek Armando Trovajoli
Schnëtt Franco Fraticelli
Produzent Lux-Ultra
Schauspiller
Michèle Morgan als Gräfin Sofia Zeno
Jacques Perrin als Pietro
Enrico Maria Salerno als Grof Lorenzo Parma
Stefania Sandrelli als Annella
Sylva Koscina als Clemenza Parma
Gastone Moschin als Garzone
Fred Williams als Alvise Guoro
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

D'Geschicht spillt zu Venedeg am XVI. Joerhonnert. E Bäcker gëtt wéinst engem Muerd, un deem hien awer onschëlleg ass, viru Geriicht gestallt...

Vun der Form hier ass de Film geleckt, d'Dekoren a Kostümer versetzen de Spectateur an de Glanz vum Venedeg aus dem XVI. Joerhonnert. D'Fotografie vum Carlo Carlini ënnerstëtzt déi Impressioun vu Luxus nach.

De Film baséiert um Drama Il fornaretto vum Francesco Dall'Ongaro dat 1846 zu Triest erauskoum.