Ieweschte Juegdrot

consultatiivt Organ zu Lëtzebuerg

Den ieweschte Juegdrot (Conseil supérieur de la chasse) ass e consultatiivt Organ dat dem Ëmweltministère ënnersteet. Et ass mam Artikel 82 vum Juegdgesetz gegrënnt ginn.

Missiounen änneren

D'Missioune vum Juegdrot sinn[1]

  • op eegen Initiativ hin dem Minister Propositiounen iwwer d'Juegd ënnerbreeden
  • dem Minister seng Meenung iwwer all Froen a Projete ginn, déi deen dem Rot stellt
  • een Avis iwwer all Problemer am Zesummenhang mat der Juegd ausschaffen, déi him vu sengem President oder vun der Majoritéit vu senge Membere presentéiert ginn
  • d'legislativ a reglementaresch Moossname studéiere fir d'Konditioune vun der Juegd ze verbesseren.

Säin Avis muss och gefrot gi wann als Wëld klasséiert Déieren ausgesat solle ginn, an ier de Minister eng administrativ Juegd ordonéiert.

Zesummesetzung änneren

De Conseil supérieur de la chasse besteet aus[1]:

Fir all effektive Member ernennt de Minister e Suppleant, an all Membere kréien hir Nominatioun fir dräi Joer. De President an de Sekretär ginn och fir dräi Joer vum Minister bestëmmt.[2][3]

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Art. 82 vum Juedgesetz
  2. Ministeriellen Arrêté vum 17. Dezember 2023
  3. Ministeriellen Arrêté vum 24. August 2023