Ice Cream Sundae ass e Kuerzfilm vun der lëtzebuergescher Schauspillerin a Regisseurin Désirée Nosbusch aus dem Joer 2001.

Ice Cream Sundae
Film
Produktiounsland  USA
Lëtzebuerg
Première 2001
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Désirée Nosbusch
Dréibuch Michael Wenk
Fotografie Sonja Rom
Musek Harald Kloser
Thomas Wanker
Schnëtt Saska Simpson
Produzent Jani Thiltges
Produktiouns-
gesellschaft
Eternity Pictures
Samsa Film
World Entertainment LLC
Schauspiller
Tippi Hedren
Michael J. Sheridan
Kat Ogden
Joe Rabl
Kathy Najimy
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Et ass hir éischt Regieaarbecht.

Ëm wat geet et Film? änneren

Eng jonk Fra (Kathy Najimy), déi erwaart, an net weess, wouhin, begéint enger eelerer Dame (Tippi Hedren) an engem Akafszentrum...

Filmproduktioun änneren

Fir d'Produktioun vum Kuerzfilm krut Samsa Film 2001 e Subside an Héicht vu 4,5 Millioune Lëtzebuerger Frang, respektiv 111.552,09 Euro, vum Lëtzebuerger Filmfong.[1]

Filmpräisser änneren

Ice Cream Sundae krut de Goldpräis fir d'Regie am beschte Kuerzfilm ("Gold Award for Best Short Directing") um World Fest Houston, an de Goldpräis fir dat bescht Kuerzfilmdrama ("Gold Award for Best Short Drama") um Fargo Filmfestival.[2]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Rapport Annuel 2001 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 2
  2. africine.org: Biographie vum Désirée Nosbusch