Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Hvar [ˈxʋǎːr] (italieenesch Lesina, an der Antik griichesch Pharos) ass eng Insel an der Adria virun der dalmatescher Küst a Kroatien, Gespanschaft Split-Dalmatien. Déi laanggestreckt Insel ass déi véiertgréisst vun den Adriainselen.

Grouss Piazza zu Hvar
Eng al Kapell op Hvar

Geographie änneren

Hvar huet eng Fläch vu 299,6 km², eng Längt vu 67,5 km an eng maximal Breet vun 10,6 km.

D'Insel huet e mëllt Mëttelmierklima (d'Duerchschnëttswäerter leien am Januar bei 8,4 °C, am Juli bei 24,8 °C). D'Sonn schéngt am Schnëtt 2.718 Stonnen am Joer.

Bevëlkerung änneren

Hvar huet 11.459 Awunner (2001). Haaptuertschaft ass d'Stad Hvar mat 3.643 Awunner. Aner gréisser Uertschafte sinn: Jelsa, Stari Grad, Vrboska an Sućuraj.

Um Spaweck änneren

Commons: Hvar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Offiziell touristesch Säit iwwer Hvar, op engl.