Husumer Protestschwäin

Schwéngsrass

D'Dänescht Protestschwäin, Husumer Protestschwäin, Routwäissgesträift Protestschwäin (offiziell: Deutsches Sattelschwein – Abteilung Rotbuntes Husumer Schwein), ass eng Rass vum Hausschwäin, déi um Ausstierwen ass.

Husumer Protestfierkelen
En ausgewuessene Béier

Well dat rout Déier mat senger breeder wäisser Sträif, déi queesch iwwer d'Schëller an déi viischt Bee leeft, dem Dannebrog, dem dänesche Fändel gläicht, goufen där Schwäi vun Däne geziicht, déi um Ufank vum 20. Joerhonnert an Nordfrisland hire Fändel net hunn däerfen eraushänken.

Dat Béischt gëtt eppes iwwer 90 cm héich a weit bis zu 7 Zenner. 1954 gouf dat Husumer Protestschwäin als Rass unerkannt.

Zanter 1996 existéiert de Förderverein Rotbuntes Husumer Schwein e. V., deen d'offiziell Bestänn erfaasst. Haut liewen ongeféier 150 där Schwäin op der Welt. D'Land Schleswig-Holstein ënnerstëtzt d'Ziichter.

Um Spaweck änneren

Commons: Husumer Protestschwäin – Biller, Videoen oder Audiodateien