Hostage ass en Action/Thriller Film vum Florent Emilio Siri aus dem Joer 2005. E baséiert um Bestsellerroman mam selwechten Numm vum Robert Crais.

Hostage
Film
Produktiounsland USA
Däitschland
Produktiounsjoer 2005
Première 2005
Dauer 109 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Florent Emilio Siri
Dréibuch Robert Crais
Doug Richardson
Fotografie Giovanni Fiore Coltellacci
Musek Alexandre Desplat
Produzent Mark Gordon
Arnold Rifkin
Bob Yari
Schauspiller
Bruce Willis als Jeff Talley
Kevin Pollak als Walter Smith
Jonathan Tucker als Dennis Kelly
Ben Foster als Mars
Jimmy Bennett als Tommy Smith
Michelle Horn als Jennifer Smith
Jimmy 'Jax' Pinchak als Sean Mack
Marshall Allman als Kevin Kelly
Serena Scott Thomas als Jane Talley
Rumer Willis als Amanda Talley
Hector Luis Bustamante als Officer Ruiz
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Den Jeff Talley ass am LAPD zoustänneg fir d'Verhandlunge bei Geiselnamen. Wéi dat eng Kéier schif leeft an eng Mamm an hiert Kand dobäi ëmkommen, decidéiert den Talley fir mat senger Famill Los Angeles ze verloossen a méi eng roueg Plaz als Polizeichef vun der Stad Bristo Camino am Ventura County unzehuelen.

Enges Dages briechen dräi jugendlech Krimineller bei enger räicher Famill an, fir där hiren Auto ze klauen. Well awer de klenge Bouf vun der Famill d'Police alarméiere konnt, geréit dat Ganzt zum Geiseldrama. Den Talley kënnt op d'Plaz, mä well en ni méi mat sou enger Situatioun konfrontéiert wollt ginn, gëtt en de Kommando vun der Operatioun un de Sheriff vu Ventura County of. Wat hien do nach net wësse konnt, dat ass datt d'Haus dem Walter Smith gehéiert, engem korrupte Kontabel dee fir eng kriminell Organisatioun d'Konte gefouert huet an déi grad deen Dag verschlësselt op DVD gebrannt huet. D'Verbriechersyndikat wëll op alle Fall evitéieren, datt dat un d'Liicht kënnt an hëlt ouni ze zécken dem Talley seng Famill als Geiselen, fir datt den Talley hinne soll hëllefen, déi DVD erëm aus deem belagerten Haus erauszekréien.

Den Talley geet also erëm zeréck op d'Plaz, déi Kéier am Hannerkapp, datt et direkt ëm zwou Geiselname geet an datt hien ënner Ëmstänn dem Smith seng Famill misst affere fir seng eegen ze retten. Dozou kënnt nach, datt zwéi vun de jugendleche Geiselnehmer zwar nëmme kleng Autosdéif sinn, mä deen drëtten an hirer Clique en neien ass, dee sech als kal agéierende Psychopath erausstellt.

Um Spaweck änneren