Den Hossein Ali Montazeri, och Hussein Ali Montazeri (Farsi: حسین علی منتظری) [hoˈseɪ̯n æˈliːje montæzeˈriː]; gebuer 1922 zu Nadschaf Abad, Provënz Esfahan a gestuerwen den 20. Dezember 2009 zu Qom, war en iranesche Groussajatollah. Hie war ee vun de "Pappe" vun der Iranescher Revolutioun 1979. Am Ufank huet hien als dem Ajatollah Ruhollah Khomeini säin Nofollger gegollt, mä 1988 gouf et Meenungsverschiddenheeten tëscht deenen zwéin, well de Montazeri reegelméisseg am Khomeini sengen Aen ze vill pro-westlech Bemierkunge gemaach huet. 1997 gouf de Montazeri ënner Hausarrest gestallt, well en den Ajatollah Ali Khamenei, deen zanter 1989, nom Khomeini sengem Doud, reliéise Leader vum Iran war, ëffentlech kritiséiert hat.

Hossein Ali Montazeri
Gebuer 22. September 1922
Gestuerwen 20. Dezember 2009
Doudesursaach Häerz-Kreeslafkrankheet
Nationalitéit Iran
Aktivitéit Theolog, Philosoph, Schrëftsteller, Politiker, Mënscherechtler
Partei Onofhängeg

Hien huet sech ë. a. ëffentlech géint d'Entwécklung vun Nuklearwaffen ausgeschwat an souguer eng Fatwa proclaméiert, an där en dës on-islamesch genannt huet.

Bei sengem Begriefnes zum Qom, den 21. Dezember 2009 koum et zu enger Protestmanifestatioun géint den iranesche Regime.