Den Horus-Tempel läit 100 km südlech vu Luxor an der Stad Edfu. Et ass de beschterhalenen Tempel an Egypten.

Den Horus-Tempel zu Edfu

E staamt aus der ptolemäescher Zäit a seng Landmaark ass eng Figur aus Granit: de Falleke-Gott Horus, deen säin eegenen Tempel bewacht.

Horus-Statu

D'Grondlag vum Tempel gouf vun 237 v. Chr. vum Ptolemaios III. gebaut. Hien huet ugefaangen Tempelhaus oprichten ze loossen a säin Nofollger den Ptolemaios IV. huet de Réibau fäerdeg gestallt. Duerch déi verschidden Onrouen a Kricher konnt eréischt de Ptolemaios VI. am Joer 176 v. Chr. um Tempel weiderbauen. 147 v. Chr. ass den Tempel endlich ënner dem Ptolemaios VII. fäerdeg ginn. D'Virhal gouf och vum Ptolemaios VII. am Joer 122 v. Chr. baue gelooss. De Phylon an de KolonnadenhafF goufe vum Ptolemaios IX. an dem Ptolemaios X. baue gelooss. De Schluss vum Phylon mat de Relieffer gouf awer eréischt vum Ptolemaios XII. fäerdeg gestallt.

Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.