Horizontal Signalisatioun

Horizontal Signalisatioun ass den Ausdrock, dee gebraucht gëtt, fir déi Zeechen oder Markéierungen ze nennen, déi op d'Strooss gesprëtzt oder gemoolt ginn. Et kann awer och eng Markéierung op der Strooss sinn déi liicht.

E Beispill vun horizontaler Signalisatioun an der Stad Lëtzebuerg.
D'Markéierung gëtt maschinell…
… oder manuell opgedroen.

Dës Markéierunge begrenzen d'Fuerbunnen, ginn un, ob een iwwerhuelen däerf oder net, weisen d'Fuerrichtung un, wou ee stallhalen oder d'Prioritéit deenen anere iwwerloosse muss, wou Foussgänger iwwer d'Strooss däerfen ("Zeebrasträifen") a widderhuelen heiansdo déi vertikal Signalisatioun oder en Deel dovun.

De Lëtzebuerger Code de la Route definéiert am Artikel 110 déi horizontal Signalisatioun de Faarwen no:

Wäiss Markéierungen änneren

Zu de wäisse Markéierungen zielen:

a) d'Secherheetslinn (am allgemenge Sproochgebrauch: duerchgezunne Stréch); se verbitt z'iwwerhuelen oder vun enger Fuerbunn an eng aner ze wiesselen. Se kann awer och eng Strooss der Fuerrichtung no opdeelen. Et ass verbueden op oder iwwer eng Secherheetslinn ze fueren.

b) d'Leetlinn (ënnerbrachene Stréch); se guidéiert oder vereinfacht de Verkéier wa méi Fuerbunnen op enger Strooss sinn. Se kann awer och drop hiweisen, datt gläich eng Secherheetslinn kënnt.

Amplaz datt se op d'Strooss gemoolt gëtt, kann eng Leetlinn och aus Neel oder Reflektere bestoen.

Et ass erlaabt iwwer eng Leetlinn ze fueren, ënner der Konditioun, datt d'Verkéierssituatioun et erméiglecht. Wann eng Sécherheets- an eng Leetlinn niewentenee sinn, da muss de Chauffer sech nëmmen un déi Linn op senger Säit halen.

c) den duerchgezunnen oder ënnerbrachene Stréch op der Säit vun der Strooss: e markéiert de Bord vun der Strooss. Et ass erlaabt iwwer dëse Stréch ze fueren.

d) den duerchgezunne Stréch fir eenzel Parkplazen oder eng Parksträif ofzegrenzen. Dëse Stréch däerf iwwerfuer ginn. Wann d'Parksträif an eenzel Parkplazen opgedeelt ass, geet et duer, wann nëmmen den Ufank vum Stréch ugewise gëtt.

e) den duerchgezunne Stréch deen eng Vëlosspuer ofgrenzt oder deen op engem Wee wou e Verkéiersschëld D, 5a steet, d'Opdeelung tëscht dem Foussgängerwee an dem Vëloswee mécht.

f) den ënnerbrachene Stréch deen eng suggestiv Vëlosspuer ofgrenzt.

g) den ënnerbrachene Stréch deen eng Busspuer ofgrenzt.

h) de Stréch oder d'Markéierung a Form vu Seezänn (och nach Haifëschzänn) déi de Chaufferen uweisen, wou se stoe bleiwe musse fir de Verkéier dee vu riets a lénks kënnt, laanscht ze loossen.

i) de Stréch oder d'Quiermarkéierung déi uweise wou ee stallhale muss.

j) de Foussgängeriwwergank (Zebrasträifen): et handelt sech ëm Banden déi parallel zu der Achs vun der Strooss opgedroe ginn. De Foussgängeriwwergank muss mam Schëld E, 11a ugewise ginn.

k) den Iwwergank fir Vëlosfuerer: et handelt sech ëm eng Fläch déi zu béide Säite vun engem ënnerbrachene Stréch ofgetrennt ass; dëse Stréch besteet aus quadratesche Markéierungen. Baussent den Uertschaften ass déi ofgetrennte Fläch net ugestrach; an den Uertschafte ka se rout oder net ugestrach sinn.

l) Iwwergank fir Foussgänger a Vëlosfuerer: et handelt sech ëm d'Markéierung vun engem Foussgängeriwwergank an engem Iwwergank fir Vëlosfuerer niefteneen. Dësen Iwwergank muss mam Schëld E, 11b ugewise ginn.

m) d'Liwwerplazen, also déi reservéiert Plaze wou Gefierer déi d'Butteker beliwweren oder déi am Kader vun der medezinescher Hëllef[1] benotzt ginn, stallhale kënnen. Dës Plaze si mat Quierstrécher zu der Achs vun der Strooss an zousätzlech mat diagonale Strécher gezeechent. Zu der Säit vun der Strooss steet d'Wuert „LIVRAISONS“.

n) d'Zickzacklinn op der Säit vun der Strooss, déi uweist, datt et verbueden ass ze Stationéieren. Op enger Bushalt geet et duer wann den Ufank an d'Enn vun der Zickzacklinn uginn aus, ënnert der Konditioun, datt d'Wuert „BUS“ dohi geschriwwe gëtt.

o) déi mat schife parallelle Strécher gezeechent Fläch (Spärfläch), déi mat engem duerchgezunnenen oder ënnerbrachene Stréch ofgetrennt ass; se gëtt un, datt et verbueden ass iwwer dës Fläch ze fueren, drop ze stationéieren oder unzehalen.

p) déi sou genannten Enveloppe: eng rechteckeg Fläche mat diagonale Strécher dran; se weist de Chaufferen un, datt se, wa Stau ass, net op dës Fläch fueren däerfe wann de Verkéier virun der Fläch net offléisst.

q) d'Fäiler op de Fuerbunnen: se weisen de Chaufferen d'Richtung(en) un, an déi se fuere mussen.

r) Aner Strécher oder Markéierungen déi e Rond-point an en Hënnernes op der Strooss uweisen, déi Matdeelunge vu Schëlter widderhuelen oder déi de Chaufferen aner Informatioune ginn.

Giel Markéierungen änneren

Zu de giele Markéierungen zielen:

a) den duerchgezunnene giele Stréch op der Bordür vum Trëttoir oder um Bord vun der Strooss deen ugëtt, datt et verbueden ass ze stationéieren.

b) déi giel Markéierungen déi eng Ännerung vun der wäisser Markéierung op der Strooss uweisen, absënns beim engem Schantjen. An deem Fall gëllen déi wäiss Markéierungen net méi.

Rout Markéierungen déi liichten änneren

Eng Markéierung déi a Form vun engem Quierstréch op der Strooss rout liicht, kann zesumme mat de roude Verkéiersluuchte vrun engem Tunnel gebraucht ginn oder op enger Autobunnsoffaart fir de Chaufferen, déi sech eventuell falsch engagéiert hunn, unzeweisen, datt si de falsche Wee fueren.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Horizontal Signalisatioun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. am Kader vum Gebrauch vum Schëld „médecin en service“, sou wéi dëst am règlement grand-ducal du 16 avril 2003 virgesinn ass