Honiara
Lokalisatiounskaart
Land: Salomonen
Insel: Guadalcanal
Fläch: 22 km²
Awunner: 84.520 (2017)
Bevëlkerungsdicht: 3.842 Aw./km²
Zäitzon: UTC+11

Honiara ass d'Haaptstad vun de Salomonen, a läit un der Nordküst vun der Insel Guadalcanal. Verschidde Quelle schwätze vun 68.000 Awunner.[1]

Vun Osten aus op Honiara gekuckt
D'Haaptstross vun Honaria

Universitéit änneren

Zu Honaria gëtt et d'University of the South Pacific Solomon Islands. Dat ass eng vun de wichtegsten Universitéite fir de Südpazifik[2], a gëtt ënnerstëtzt vun 12 Pazifik Inselen:

Klima änneren

Guadalcanal ass eng tropesch Insel, mat enger Duerchschnëttstemperatur vun 29 °C a vill Fiichtegkeet. Déi fiicht Saison vu Guadalcanal ass vum November bis Mee. Ëm déi Zäit ass d'Gefor fir en Zyklon grouss.

Geographie änneren

Koordinate vun Honiara sinn: 9° 32' Süd, 160° 12' Ost
Guadalcanal ass 145 km laang a 40 km breet. Am Süde vun der Insel si Koralleriffer, an déi héchst Bierger sinn eng 2500 m héich.

Um Spaweck änneren

Commons: Honiara – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2010-10-20. Gekuckt de(n) 2010-01-24.
  2. http://www.usp.ac.fj/