Den Homo rudolfensis war den éischten Urmënsch. Säi Gehier war méi grouss wéi dat vun de Südafen. En huet sech entweeder aus dem Kenyanthropus oder dem Australopithecus entwéckelt an huet am haitege Kenia a Grassavanne virun 2,5 bis 1,8 Millioune Joer gelieft.

Homo rudolfensis
Homo rudolfensis

Homo rudolfensis
Homo rudolfensis
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Primaten
Famill: Mënschenafen
Ënnerfamill: Homininae
Gattung: Mënschen
Aart: Homo rudolfensis
Wëssenschaftlechen Numm
Homo rudolfensis
Alexeev 1986
Gehiervolumen 600 – 800 cm³
Gréisst geschat 1,55 m
Gewiicht ? kg
Kascht gemëscht
Handwierksgeschier einfach, aus Steen

Ee Mataarbechter vum Team vum Richard Leakey huet 1972 um Turkanséi am Kenia e Schiedel fonnt, deen ënner der Nummer KNM-ER 1470 registréiert gouf a fir d'éischt dem Homo habilis zougeschriwwe ginn ass. Wéinst de groussen Ënnerscheeder zu den anere Fossille vum Homo habilis huet de Russ Waleri Alexejew 1986 virgeschloe fir d'Relikt an eng eegen Aart ëmzebenennen, den Homo rudolfensis. Et handelt sech ëm deen éischte Mënsch.

Um Spaweck änneren

Commons: Homo rudolfensis – Biller, Videoen oder Audiodateien