D'Holly Black, gebuer den 10. November 1971, ass eng US-amerikanesch Schrëftstellerin.

Holly Black
Gebuer 10. November 1971
Nationalitéit USA
Educatioun Rutgers University
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Kannerbuchauteur, Journalist

Liewen änneren

D'Holly Black ass an am New Jersey opgewuess. Hir Mamm, eng Molerin a Poppemécherin, huet sir als Kand fir d'Welt vun der Magie a Fabelwiese begeeschtert. Als Teenager huet d'Holly Black vill Bicher a Bünestécker a souguer e Buch, dat awer no hirer eegener Ausso miserabel war, geschriwwen. Spéider huet se e College a Philadelphia besicht an do hiren Ofschloss gemaach.

Zu New York, wou se bei engem Spillmagazin geschafft huet, huet se den Illustrateur Tony DiTerlizzi begéint. An där Zäit huet se och hiren éischte Fantasyroman geschriwwen, dee begeeschtert Kriticke krut. Vun der American Library Association ass d'Buch zum Best Book for Young Adults erkläert ginn. Am Summer 2003 ass den éischte Band vun de Spiderwick-Chroniken erauskomm.

Vun der Holly Black ass op Däitsch och d'Jugendbuch Elfentochter (cbj-Verlag) an hiren éischte Jugendroman Die Zehnte (Arena Verlag, 2003; amerikaneschen Originaltitel: Tithe: A Modern Faerie Tale) erauskomm.

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Holly Black lieft mat hirer Famill am New Jersey.

Wierk änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Holly Black – Biller, Videoen oder Audiodateien