Holler

Uertschaft an der Gemeng Wäisswampech
Dës Säit beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Uertschaft Holler. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Holler (Homonymie).

Holler ass eng Uertschaft an der Gemeng Wäiswampech.

Holler
Holler
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Holler
de: Holler
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Wäiswampech
Buergermeeschter Claude Daman
Awunner 69[1]
  2009
Koordinaten 50° 07’ 24’’ N
      06° 02’ 52’’ O

Geographie änneren

Holler läit tëscht den Uertschafte Bënzelt a Breedelt. Vu wäitem stécht déi kleng romanesch-gotesch Kierch aus dem 12. Joerhonnert ervir. Südlech vun Holler, am Agank vun engem enke Wisendall dee vun der Wemperbaach duerchzu gëtt, läit d'Hollermille mat hirem Milleweier.

Geschicht änneren

Holler ass eent vun den eelsten Dierfer aus Lëtzebuerg a gouf fir d'éischt Kéier an engem Dokument aus dem Joer 893 als Hunlar ernimmt. Deemools huet d'Duerf zu der Äifeler Abtei Prüm gehéiert. Et ass unzehuelen, datt schonn deemools a romanescher Zäit zu Holler eng Kierch stoung, déi vun der Abtei gebaut gouf.

Kuckeswäertes änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kierch Holler.

Bibliographie änneren

  • Berbeć, S., 1992. Approche typologique de l'architecture rurale au grand-duché de Luxembourg. Publications nationales. Ministère des affaires culturelles. 169 S. ISBN 2-87984-002-3. (Cf. Holler S. 25-40).

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Holler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Websäit Gemeng gekuckt 18. September 2009