Eng Holding ass eng Gesellschaft, déi Participatiounen an anere Gesellschafte geréiert. Am Laf vun der Zäit ass d'Aufgabegebitt vun den Holdinge méi grouss ginn. Et gëtt haut verschidde Kategorië vun Holdingen, wéi:

  • Kontrollholdingen, déi der Kontroll vun den Gesellschafte vun engem internationalen Grupp déngen,
  • Holdingen, déi Investmentfongen géréieren,
  • Finanzéierungsholdingen, déi eng zentral Finanzéierung vun den Entreprisë vu multinationale Gesellschaften sécherstellen,
  • Assurancenholdingen, Captiven, déi zentral Versécherungsaufgaben a multinationale Gesellschaften iwwerholl hunn.

Zu Lëtzebuerg gouf 1929 eng Holdingsgesetzgebung a Kraaft gesat. Si gouf spéider verbessert, fir de Realitéite vun der wirtschaftspolitescher Entwécklung op der Finanzplaz Rechnung ze droen, an d'Schafe vun dëse verschiddene Kategorië vun Holdingen z'erméiglechen.

Wéi d'Zuel vun den Duebelbesteierungsofkommen mat Lëtzebuerg am Laf vun der Zäit senkrecht geklommen ass, an well d'Holdinggesellschaften nom Regime vun 1929 vum Benefice vun dësen internationalen Konventiounen ausgeschloss sinn, ass spéider e steierlechen Ënnerscheed tëscht den Holdingen nom Regime 1929 an den Sociétés de participations financières (SOPARFI), déi ënner den Droit commun falen, gemaach ginn.

Zanter dem 31. Dezember 2010 ass d'Gesellschaftsform ofgeschaaft ginn. Déi meescht Holdinge sinn elo SOPARFIen.

Literatur änneren

  • Delvaux B., E. Reiffers: Les sociétés holding au Grand-Duché de Luxembourg – Etude pratique de la loi du 31 juillet 1929, Imprimerie Victor Buck, 5e édition, Luxembourg, 1969
  • Couret A., D. Martin: Les Sociétés Holdings, QUE SAIS-JE 1997, PUF
  • Banque internationale à Luxembourg: Les sociétés holding au Grand-Duché de Luxembourg, Luxembourg, 1987

Um Spaweck änneren