Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Wiener Hofburg. Fir d'Innsbrucker Hofburg, kuckt wgl. Hofburg (Innsbruck).

D'Hofburg zu Wien ass déi fréier keeserlech Residenz. Vu 1438 bis zirka 1580 a vu 1620 bis 1806 war si d'Residenz vun de Kinneken a Keeser vum Hellege Réimesche Räich, duerno Residenz vun de Keesere vun Éisträich bis 1918. Haut ass si den Amtssëtz vum éisträichesche Bundespresident.

Hofburg
Land Éisträich
Gemeng Innere Stadt
Koordinaten 48°12'23"N, 16°21'55"O
Datum vum Bau 1279 (Julianesch)
Opgaangen 1913

Déi eelst Deeler stamen aus dem 13. Joerhonnert a sinn entweeder vun de leschte Babenberger oder vum Ottokar Přemysl ugeluecht ginn. Virdrun hunn d'éisträichesch Landeshäre bei der Plaz Am Hof gewunnt, net wäit vum Schottenstift ewech.

Déi eelst Buerg a Form vun engem Véiereck entsprécht zirka dem haitege Schweizerhof. Do ass och d'gotesch Burgkapelle (am 15. Joerhonnert ëmgebaut) an d'Schatzkammer (eng Agence vum Konschthistoresche Musée), an där ënner anerem d'Herrschaftsinsignie vum Hellege Réimesche Räich (Reichskleinodien) a vum Keesertum Éisträich ze gesi sinn. Och d'Hofmusikkapelle huet do hire Sëtz. Dëse Schweizerhof gouf zur Zäit vum Keeser Ferdinand I. am Renaissancestil ëmgebaut. Bekannt ass dat rout-schwaarzt Schweizertor, op deem d'Titele vum Keeser Ferdinand I. opgezielt ginn an d'Insignie vum Uerde vum Gëllene Vlies ze gesi sinn. An dësem Trakt war laang d'Haffkichen ënnerbruecht.

D'Stallburg, déi och zum Komplex vun der Hofburg gehéiert, an déi ursprénglech als Residenz fir de Maximilian II. als Krounprënz gebaut gouf ass net dermat verbonnen. Laut Rumeure vun där Zäit wollt de Ferdinand I. net mat sengem Bouf, deen eng staark Neigung zum Protestantismus gewisen huet, ënner engem Daach wunnen. Spéider gouf hei d'Konschtsammlung vum Äerzherzog Leopold Wilhelm, dem Brudder vum Keeser Ferdinand III., hei ënnerbruecht a bild e groussen Deel vun de Sammlunge vum Konschthistoresche Musée. Spéider goufen hei d'keeserlech Päerd ënnerbruecht an nach haut ass hei d'Spuenesch Haffreitschoul.

Bundespresidentschaftskanzlei am Leopoldineschen Trakt

Vis-à-vis vum Schweizertor ass d'Amalienburg, benannt no der Amalie Wilhelmine, der Wittfra vum Keeser Joseph I., déi allerdéngs méi wéi honnert Joer virdru schonn als Wiener Residenz vum Keeser Rudolf II. am Spéitrenaissancestil gebaut gouf.

Verbonne sinn d'Amalienburg an de Schweizerhof duerch de Leopoldineschn Trakt, deen, wéi den Numm et schi seet, ënner dem Keeser Leopold I. an de 1660er Jore gebaut gouf. Den Architekt war de Filiberto Lucchese, no der Tierkebelagerung vun 1683 gouf den Trakt vum Giovanni Pietro Tencala nees nei opgebaut an e krut e Stack bäi. Haut sinn do d'Amtsraim vum Bundespresident. Ënner dem Trakt an der Amalienburg war och de grousse Wäikeller vun der Buerg.

Op der anerer Säit vun der Buerg (beim haitege Josephsplatz) war d'Haffbibliothéik, déi vum Keeser Karl VI. gegrënnt gouf an déi haut de Prunksall vun der Éisträichescher Nationalbibliothéik beinhalt. De Bau huet mam Johann Bernhard Fischer von Erlach ugefaangen, a 1735 vu sengem Jong Joseph Emanuel fäerdeggestallt. An dësem Sall sinn d'Bichersammlung vum Prënz Eugène, e Plaffongsfresko vum Daniel Gran an d'Keeserstandbiller vum Paul Strudel.

Aner Koproduktiounen tëscht Papp a Jong Fischer von Erlach sinn d'Winterreitschule vis-à-vis vun der Stallburg - wou et 1848 zu der éischter Sëtzung vum éisträichesche Parlament koum - an de Reichskanzleitrakt vis-à-vis vum Leopoldineschen Trakt. Dëse gouf ursprénglech vum Johann Lucas von Hildebrandt geplangt an hei waren d'Amtsraim vum Räichsvizekanzler, dem tatsächleche "Premierminister" vum Hellege Réimesche Räich an de Räichshaffrot. An dësem Trakt waren nom Enn vum Räich d'Appartementer vum Herzog vu Reichsstadt an zulescht vum Keeser Franz Joseph I..

Vum Joseph Emanuel Fischer von Erlach gouf och Michaelertrakt geplangt, deen d'Winterreitschule mam Reichskanzlertrakt verbanne sollt. Well awer dat aalt Buergtheater am Wee stoung, gouf dëse Plang iwwer laang Zäit net realiséiert, a konnt eréischt an de Joren 1889-93 vum Ferdinand Kirschner a liicht verännerter Form tatsächlech gebaut ginn.

Et koum ëmmer nees zu Ëmbauten an Upassungen, besonnesch an de Joren 1763-69 ënner dem Nikolaus von Pacassi, deen d'Haffbibliothéik mam Rescht vun der Buerg an op der anerer Säit mat der Augustinerkierch verbonnen huet, a sou de Josephsplatz geschaf huet, deen als eng vun de schéinste Plaze vu Wien gëllt. Nom Ëmbau vun der Albertina an den 1820er Jore vum Joseph Kornhäusel ass och si mat der Hofburg verbonnen.

1809 gouf en Deel vun den ale Bastioune bei der Buerg als Folleg vun de Kricher gesprengt a geschleeft. Zu der haiteger Wiener Ringstrooss hin, goufen deemools nei Virwierker (d'sougenannten Hornwerkskurtine an d'Escarpen) ugeluecht, an déi d'klassizistesch Buergpaart integréiert ginn ass. Bannend dësen neie Mauere goufe Gäert ugeluecht: de private keeserleche Buerggaart, den Heldenplatz an de Volksgarten mam Theseustempel, de genee wéi d'Paart vum Peter von Nobile geschaf gouf. E weideren Ubau aus dëser Zäit ass den Zeremoniensaal von Louis Montoyer (1804), deen aus der Buerg erausgekuckt huet. Dëse Sall huet awer optesch gestéiert a gouf Nues genannt - haut ass en an der Neue Burg integréiert.

D'Hofburg ëm 1900

An den 1860er Joren, nodeem d'Stadmauere ofgerappt waren, an d'Stad sech erweidert huet, koum et zu der leschter grousser Erweiderung vun der Buerg. Geplangt war ee Kaiserforum, eng Anlag mat zwee Fligelen iwwer d'Ringstrasse, mat den Zwillingsmuséeën (Konschthistoreschen an Naturhistoresche Musée) als Flanken an den ale Ställ vum Fischer von Erlach als Ofschloss. D'Bauleitung vun dësem Projet haten de Gottfried Semper a spéider de Karl Freiherr von Hasenauer. D'Muséeë goufen 1891 fäerdeg gestallt, de Rescht vum Forum huet sech awer sou laang higezunn, datt et ausser der Representatioun kee wierkleche Besoin gouf. 1913 gouf de Südostfligel, d'Neue Burg gréisstendeels fäerdeggestallt, d'Kaiserforum awer schliisslech ad acta geluecht. Ëmmerhi sinn sou den Heldenplatz an de Maria-Theresien-Platz entstanen. An der Neue Burg si verschidde Muséeën (Ephesos-Museum, Haff- Juegd- a Rüstkummer, Völkerkundemuseum) an d'Liessäll vun der éisträichescher Nationalbibliothéik. Um Heldenplatz stinn d'Reiderstatue vun zwee bedeitenden éisträichesche Feldhären, dem Prënz Eugène an dem Äerzherzog Karl. Vum Balcon vun der Neue Burg zum Heldenplatz gouf 1938 den Anschluss un d'Däitscht Räich inszenéiert.

Aner Skulpture sinn d'Reiderstatu vum Keeser Joseph II. vum Franz Anton Zauner um Josephsplatz an d'Statu vum Franz I. am banneschten Haff vum Pompeo Marchesi. Nodeem de Michaelerplatz fäerdeggestallt gi war, goufen hei zwéi Bure mat Skulpturen opgeriicht: Die Macht zur See vum Rudolf Weyr an Die Macht zu Lande vum Edmund Hellmer.

An der Nuecht vum 26. op de 27. November 1992 koum et an der Hofburg zu engem Groussbrand am Beräich vun de Redoutesäll um Josephsplatz. En Deel vum Daach an den ieweschte Stack si komplett ofgebrannt. D'Renovéierung konnt awer schonn 1997 ofgeschloss ginn. Am nei opgebauten Deel fënnt een elo Mauer- a Plaffongsbiller vum Josef Mikl.

Um Spaweck änneren

Commons: Hofburg – Biller, Videoen oder Audiodateien