Den Hoba-Meteorit (an der Fachliteratur och deelweis nëmmen als Hoba bezeechent) ass dee bis elo gréissten Eisemeteorit, deen op der Äerd fonnt ginn ass. Hie läit um Areal vun der "Hoba"-Farm an den Otavibierger, ongeféier 20 km westlech vu Grootfontein an Namibia.

Hoba-Meteorit
Naturmonument an Namibia
Breetegrad 19/35/32.96/S
Längtegrad 17/56/1.25/E
Joer vun der Entwécklung 190 bis 410 Mio Joer
Joer vun der Unerkennung 15. Mäerz 1955 resp. 13. Abrëll 1979
Koordinaten

Zanter dem 15. Mäerz 1955 respektiv dem 13. Abrëll 1979 ass de Meteorit en nationaalt Monument.

Beschreiwung änneren

D'Donnéeën iwwer d'Gewiicht schwiewen tëscht 50 a 60 Tonnen. Seng fréier Moosse waren 2,70 m × 2,70 m × 0,90 m. De Meteorit war viru ronn 80.000 Joer op d'Äerd opgeschloen a läit ëmmer nach op der selwechter Plaz. Säi geschaten Alter läit bei 190 bis 410 Millioune Joer.

De Meteorit besteet zu ronn 82 % aus Eisen, zu 16 % aus Néckel an zu ongeféier 1 % aus Kobalt. Doriwwer eraus huet hie Spuerenelementer wéi Chrom, Gallium, Germanium, Iridium, Kuelestoff, Koffer, Schwiefel an Zénk. Meteoritte mat Néckelundeeler vun iwwer 15 % ginn als Ataxitte bezeechent.

Entdeckung änneren

Vum Meteorit war kee Krater méi erhalen an d'Entdeckung war reng zoufälleg. Wéi de Bauer säi Feld mat engem Uess ploue wollt, hat hien e metallescht Geräisch héieren, bis säi Plou stoe bliwwen ass. Kuerz drop gouf de Meteorit fräigeluecht a vum Wëssenschaftler Jacobus Hermanus Brits identifizéiert a beschriwwen. De Bericht gouf 1920 publizéiert an ass am Grootfontein Musée ze gesinn.

Weider Geschicht änneren

De Besëtzer J. Engelbrecht huet am Joer 1987 dem Rot fir Monumenter, d'Gebitt ronderëm de Meteorit geschenkt. Dodropshi gouf den Areal ronderëm de Meteorit vum Monumente-Rot an der Rössing Uranium Ltd. amenagéiert.

 
Hobameteorit Uewerflächendetail

D'Äerdräich ëm de Meteorit gouf ausgegruewen an eng Aart Amphitheater gouf ugeluecht. Weider goufen Toiletten, e breede Pad bei de Meteorit, e klengt Keesenhaus mat engem Geschäft a Grillplazen ugeluecht.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

Um Spaweck änneren