Hoag's Objet
Den Hoag's Objet vum Hubble-Weltraumteleskop fotograféiert
Konstellatioun Schlangen
Rektaszensioun 15St. 17 Min.
Deklinatioun +21° 35’’
Distanz 600.000.000 Liichtjoer
Diameter 120.000 Liichtjoer

Beschreiwung änneren

Den Hoag’s Objet ass eng aussergewéinlech Galaxis, eng Krees-Galaxis. Jonk blo Stäre forméieren e Krees ëm e Kär aus hellen ale Stären. Dertëscht sinn nëmmen e puer vereenzelt Stären. Den Objet ass entstane wéi virun 2-3 Milliarde Joer eng kleng Galaxis riicht an eng Spiralgalaxis gefall ass.

Geschicht änneren

Den Objet gouf 1950 vum Art Hoag entdeckt an no him benannt.

Am Ufank huet den Hoag geduecht, de Rank wir e Gravitatiounslënseneffekt. Mä méi spéit gouf festgestallt datt de Kär an de Rank dee selwechte Redshift hunn. D. h. Si beweege sech mat der selwechter Vitess vun der Äerd fort.

Um Spaweck änneren