Als Hirayama-Famill oder Asteroidefamill bezeechent een an der Astronomie Gruppe vun Asteroiden, déi sech op Bunnen déi sech gläichen ëm d'Sonn beweegen.

Ënner Famill versteet een an der Astronomie (am Zesummenhank mat Klengplanéiten) Konzentratioune vun Asteroiden an der Haaptasteroidenceinture, déi Bunnen hunn déi sech gläichen, raimlech no beienee leien an aus dem Zerfall vu méi groussen Objeten duerch Zesummestéiss stamen.

Fir d'éischt gouf d'Existenz vu sou Asteroidegruppen 1918 vum japaneschen Astronom Kiyotsugu Hirayama (18741943) entdeckt, déi zanterhier als Hirayama-Famille bezeechent ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie