Den Hipparcos (High Precision Parallax Collecting Satellite) ass e Satellit fir Zwecker vun der Astrometrie. Säin Numm ass och eng Reverenz un de griicheschen Astronom Hipparchos vun Nicäa.

Den Hipparcos beim Test am Large Solar Simulator, ESTEC

Den Hipparcos gouf den 8. August 1989 vun Arianespace u Bord vun enger Ariane 44LP fir d'europäesch Weltraumorganisatioun, zesumme mam däitschen Televisiounsatellit TV-SAT 2, an de Geotransfer-Orbit (GTO) gestart.

Allerdéngs huet de MARGE II-Apogeumsmotor vum Hipparcos net gezünt, an de Satellit blouf op senger GTO-Ëmlafbunn tëscht 223 an 35.652 km Héicht.[1] Sou konnt hien net, wéi geplangt, an d'geostationär Ëmlafbunn kommen an där hien en Netz vu ronn 120.000 Stäre mat enger bis elo onbekannter Prezisioun vermiesse sollt.

D'Wëssenschaftler hunn doropshin en neien Observatiounsprogramm fir den Hipparcos entwéckelt, deen et him erlaabt, seng Missioun och am GTO erfollegräich an engem verlängerte Moossprogramm duerchzeféieren. Virdru, gouf dem Hipparcos seng Ëmlafbunn mat den Hydrazin-Korrekturtriebwierker liicht op eng Ëmlafhéicht tëscht 526 a 35.900 km Héicht ugehuewen, fir datt am Perigeum d'Bremsung duerch d'Reschtatmosphär net méi stéiere soll[2] Bis zu sengem Betriebsenn am Juni 1993 huet hie seng Missioun souguer besser ofgeschloss, wéi ufanks geplangt war.

Am Ganzen huet de Satellit iwwer 1 Millioun Stäreplaze bestëmmt, 118.000 dovu mat Koordinaten a Beweegungen an enger Wénkelgenauegkeet, déi engem Golfball um New Yorker Empire State Building entsprécht, vun Europa aus gesinn. D'Hipparcos-Daten (300 Gigabyte) hu schonn am Joer vun hirer Publikatioun Stoff fir Honnerten Aufsätz vu méi wéi 1.000 Astronome geliwwert.

Fir déi genee Bestëmmung vun de Stärepositioune war am Hipparcos e Spigelteleskop mat 29 cm Spigelduerchmiesser an 1,4 m Brennwäit agebaut; mat Hëllef vun engem zousätzlechem Spigel goufe gläichzäiteg zwou Himmelsregiounen am Ofstand vun 58° duergestallt. An der Brennebene gouf e Gitter (8,2 μm Linnenofstand; entsprécht 1,2 ") placéiert, duerch dat bei der lueser Dréiung vum Satellit d'Stärenhellegkeet periodesch moduléiert gouf; dat duerchgeloossent Liicht gouf gemooss. Fir d'Miessunge vum Haaptkatalog gouf eng image dissector tube, eng Spezialform vun engem Photomultiplier mat astellbarem "Bléckfeld" gebraucht; domat gouf all Kéier nëmmen e Stär erfaasst, aner Stären, deenen hiert Liicht och op dat Gitter gefall ass, konnten ausgeblent ginn. Aus der Hellegkeetsmodulatioun konnten d'Stärepositiounen zueneen an Dréirichtung bestëmmt ginn; fir déi schlussendlech Positiounsdate ware komplex Ausgläichungsrechnungen an den Uschloss u Positiounsdate vun äerdgebonnen Observatoiren noutwendeg.

Dat primäert Resultat sinn also Positioune vun de gemoossene Stären, déi zu ville Miess-Zäitpunkten (Epochen) bestëmmt goufen. Aus Epochen déi zäitlech wäit auserneeleie kënnen Eegebeweegungen ofgeleet ginn, aus Positiounen am Ofstand vun hallwe Joren d'Parallaxen an domat d'Distanze vun de Stären. Fir d'Opfanne vun de Kandidatestären huet den Hipparcos scho genee Positioune gebraucht. Déi ëmfangräich Viraarbechte goufe vun äerdgebonnenen Teleskope gemaach.

Den Hipparcos war fir d'Astrometrie e bedeitende Meilesteen: Déi Plazen, Parallaxen an Eegebeweegunge vun 118.000 Stäre goufe mat enger bis dato onerreechter Prezisioun vu ronn 0,001" oder 0,001"/Joer gemooss. Si sinn am Hipparcos-Katalog verzeechent. Doriwwer eraus huet en zweet Instrument u Bord eng Millioun Stäre mat ëmmerhin nach ±0,02" vermooss, déi elo am Tycho-Katalog sinn. Dës zwee Kataloge sinn déi bescht Realisatioun vum neie Referenzkoordinatesystem um Himmel ICRF. Si erlaben elo och Amateurastronomen, mat Teleskop an Digitalkamera genee an hallefautomatesch all Himmelsobjet ze fannen.

Sou prezis Stärekoordinaten, Distanz- a Vitessdate ruffe vill Aspekter vun der Astronomie ervir. E Puer dovu sinn:

¹) Bis elo waren dës (schwaach) Stären net genee genuch vermooss, soudatt d'Bedeckungslinnen op der Äerd dacks ze onsécher fir mobil Miesstruppe waren. Elo léist den Tycho-Katalog dat Problem op ongeféier ±100 m.

Den Hipparcos konnt wärend senger dräijäreger Liewensdauer och dacks Asteroiden observéieren. Si goufe mat prezise Meridiankrees-Miessungen (La Palma a Bordeaux) zu Bunnbestëmmungen kombinéiert, déi Genauegkeete vun 0,04" oder 75 m erreechen. Weider goufe vum Satellit Hipparcos am Kader vum Tycho-Katalog och Stärenhellegkeete bestëmmt.

Als Nofollge-Projet fir den Hipparcos ass d'ESA Projet Gaia an Aarbecht. De Gaia soll 2011 gestart ginn a mat op d'mannst 40-facher Genauegkeet ronn eng Milliard Stäre vermiessen.

Referenzen änneren

  1. NASA
  2. ESA Archivéiert op 2007-09-28. Gekuckt de(n) 2007-07-24.

Um Spaweck änneren

Commons: Hipparcos – Biller, Videoen oder Audiodateien


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B (1975)GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978)Meteosat (19771997)IUE (1978)EXOSAT (1983)Giotto (1985)Olympus (1989)Hipparcos (1989)Hubble (1990)Ulysses (1990)ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995)EURECA (1992)ISO (1995)SOHO (1995)Huygens (1997)XMM-Newton (1999)Cluster (2000)Artemis (2001)Proba (2001)Envisat (2002)MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005)Integral (2002)Mars Express (2003)SMART-1 (2003)Double Star (2003)Rosetta (2004)SSETI Express (2005)CryoSat (2005)Venus Express (2005)Galileo (20052008)ASTRO-F (2006)METOP-A (2006)CoRoT (2006)GOCE (2007)SMOS (2007)Herschel (2009)Planck (2008)ADM-Aeolus (2008)HYLAS (2008)LISA Pathfinder (2009)CryoSat-2 (2009)SWARM (2010)Gaia (2011)ExoMars (2013)BepiColombo (2013)JWST (2013)LISA (2015)Darwin (2015)Solar Orbiter (2015)Mars Sample Return (fréistens 2016)