Hillary Clinton

US-amerikanesch Politikerin

D'Hillary Diane Rodham Clinton gebuer de 26. Oktober 1947 zu Chicago am Illinois ass eng US-amerikanesch Politikerin a Juristin. Si war vun 2009 bis 2013 amerikanesch Ausseministesch, vun 2001 bis 2009 Senateurin vun New York, vun 1993 bis 2001 (wéi hire Mann Bill Clinton President war) First Lady vun den USA, a Kandidatin vun der Demokratescher Partei bei de Presidentschaftswalen 2016.

Hillary Clinton
Gebuertsnumm Hillary Diane Rodham
Gebuer 26. Oktober 1947
Nationalitéit USA
Educatioun Wellesley College
Aktivitéit Politiker, Affekot, Diplomat, Schrëftsteller, Autobiograph, Universitéitsprofesser, Podcaster
Partei Demokratesch Partei
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Bill Clinton

Karriär änneren

D'Clinton ass zu Park Ridge an der Banlieue vu Chicago opgewuess a krut 1973 en Diplom am Droit vun der Yale University. Nodeems si als Rechtsberoderin am Kongress geschafft huet, ass si an Arkansas geplënnert wou si 1975 de Bill Clinton bestuet huet. 1977 huet si d'Organisatioun Arkansas Advocates for Children and Families matgegrënnt an ass 1978 den éischte weibleche Chef vun der Legal Services Corporation ginn, an och den éischte weibleche Partner am renomméierten Affekotecabinet Rose Law Firm. Als First Lady vun Arkansas (1979-1981 an 1983-1992) huet si eng Task Force geleet, där hir Recommandatioune gehollef hunn den ëffentleche Schoulsecteur vun Arkansas ze reforméieren.

Wéi hire Mann zum President gewielt ginn ass huet d'Clinton sech fir Chancëgläichheet tëscht Männer a Fraen an d'Reform vum Gesondheetssecteur agesat. Well hiert Bestietnes de Skandal ëm dem Bill Clinton seng Affär mam Monica Lewinsky iwwerstoen huet, huet hir Roll als First Lady d'ëffentlech Meenung polariséiert. 2000 ass si als éischt weiblech Senateurin vum Staat New York gewielt ginn. 2006 gouf hiert Mandat erneiert. 2008 huet si hir Kandidatur als Presidentschaftskandidatin vun den Demokraten agereecht mä géint de spéideren amerikanesche President Barack Obama verluer.

Vun 2009 bis 2013 war s'Ausseministesch an der Obama-Regierung. An där Funktioun huet si op d'Arabescht Fréijoer reagéiert a sech ënner anerem fir e Militärasaz a Libyen agesat. Si huet gehollef, d'diplomatesch Isolatioun an international Sanktioune géint den Iran z'organiséieren, fir dem Land sengem Atomprogramm en Enn ze setzen. Nom Enn vum Obama sengem éischte Mandat huet si hire Posten opginn an e fënneft Buch geschriwwen.

 
D'Hillary Clinton (2016)

2016 huet si nees als Presidentschaftskandidatin bei de Virwale vun den Demokrate matgemaach, déi si och gewonnen huet. Als Vizepresidentschaftskandidat huet si den Tim Kaine gewielt. Si war déi éischt Fra, déi vun enger grousser US-amerikanescher Partei als Kandidatin nominéiert ginn ass. Obwuel si d'Majoritéit am populäre Vote gewonnen huet, huet si d'Wal am Electoral College an domat d'Presidentschaft un hire republikanesche Géigner Donald Trump verluer.

Um Spaweck änneren

Commons: Hillary Rodham Clinton – Biller, Videoen oder Audiodateien