Hierk am Pelzmantel (russ. Сельдь под шубой, och Селёдка под шубой, kuerz Шуба) ass eng russesch Schichtzalot op Basis vun Hierken a Geméis, déi ganz populär ass an de Länner vun der fréierer Sowjetunioun an traditionell op Neijoerschdag, Chrëschtdag a bei anere Feierlechkeeten als Entrée zerwéiert gëtt.

Hierk am Pelzmantel, mat Ee-Dekoratioun

Zesummesetzung änneren

All d'Ingrediente gi kleng geschnidden oder geraspelt, an da Schicht fir Schicht opgebaut, mat praktesch tëscht all Schicht e bësse Mayonnaise.

Als Fong komme gekacht Gromperen, dann d'Hierken, Ënnen, Muerten, a ganz uewe rout Rommelen, déi der Zalot hir charakteristesch Faarf ginn.

Jee no Rezept sinn et d'Hierken déi op de Fong kommen, verschiddener maachen och Äppel dran, an als Dekoratioun iwwer d'Rommele kann een entweeder weider Mayonnaise oder haart gekacht Eeër (Dueder an/oder dat Wäisst vum Ee) ginn.

Um Spaweck änneren