Hermann Mayer Salomon Goldschmidt

däitsch-franséischen Astronom a Konschtmoler

Den Hermann Mayer Salomon Goldschmidt, gebuer de 17. Juni 1802 zu Frankfurt am Main, a gestuerwen de 26. Abrëll 1866 zu Fontainebleau war en däitsch-franséischen Astronom a Konschtmoler.

Hermann Mayer Salomon Goldschmidt
Gebuer 17. Juni 1802
Frankfurt am Main
Gestuerwen 30. August 1866
Fontainebleau
Nationalitéit Frankräich, Frankfurt am Main
Aktivitéit Astronom, Moler

De Goldschmidt war de Jong vun engem jiddeschen Händler zu Frankfurt. Hien huet am Ufank bei sengem Papp geschafft, huet sech dunn awer un d'Molerei ginn, déi hien zu Paräis geléiert huet.

Am Joer 1847 huet hie seng Aarbechten op d'Astronomie ausgebreet an huet um Paräisser Observatoire tëscht 1852 an 1861 14 Asteroiden entdeckt, déi eng Gréisst vu ronn 70 bis 280 km hunn.
Domat huet hien de "Rekordler", den Astronom John Russell Hind ofgeléist (10 Asteroide vun 1847-1854). No him huet et de Robert Luther et op 24 Stéck (1852-1890) bruecht, den Amerikaner C.H.F. Peters op 48 (1861-1889) an den Éisträicher Johann Palisa op 123 (1874-1923).

Den interessantsten Asteroid vum Goldschmidt ass gläichzäiteg och säi klengsten - (44) Nysa vun 1857. Hien ass fir seng Gréisst vu 70 km opfälleg hell (Albedo 0,55) an ass giel gefierft, wat een dem Mineral Enstatit zouschreift. Duerch déi scheiwenaarteg Form vum Himmelskierper dee sech a 6½ Stonnen eng Kéier ëm sech selwer dréit, entsteet e komesche Liichtbou, wat bis elo eréischt eng Kéier bei engem Klengplanéit festgestallt gouf.

Entdeckt Asteroiden: 14
(21) Lutetia 15. November 1852
(32) Pomona 26. Oktober 1854
(36) Atalante 5. Oktober 1855
(40) Harmonia 31. Mäerz 1856
(41) Daphne 22. Mee 1856
(44) Nysa 27. Mee 1857
(45) Eugenia 27. Juni 1857
(48) Doris 19. September 1857
(49) Pales 19. September 1857
(52) Europa 4. Februar 1858
(54) Alexandra 10. September 1858
(56) Melete 9. September 1859
(61) Danaë 9. September 1860
(70) Panopaea 5. Mee 1861

Am Abrëll 1861 huet den Hermann Goldschmidt d'Entdeckung vun engem 9. Saturnmound publizéiert, an huet e Chiron genannt. D'Entdeckung ass ni vun engem aneren Astronom bestätegt ginn, woufir den Numm engem ongewéinlechen Asteroid-Koméit (2060) Chiron zougewise gouf. Den "offiziellen" 9. Mound mam Numm Phoebe huet de William Henry Pickering am Joer 1898 op fotografeschem Wee entdeckt. Et ass dem Saturn säi baussenzegste Mound a gouf am Juni 2004 vun der Raumsond Cassini-Huygens fotograféiert.

Fir seng Leeschtunge gouf den Hermann Goldschmidt vun der Wëssenschaftsakademie ausgezeechent a krut 1861 d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society, a weider gouf den Asteroid (1614) Goldschmidt an de Moundkrater Goldschmidt no him genannt. Op der Paräisser Gedenkmënz vum Joer 1868, déi wéinst der honnertster Asteroidenentdeckung geklappt gouf, ass hien nieft dräi anere Méifachentdecker ofgebilt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren