Den Heribert (oder C(h)aribert) vu Laon war Grof vu Laon an huet an der éischter Hallschent vum 8. Joerhonnert gelieft. Hie war de Jong vun der Bertrada der Eelerer (den Numm vu sengem Papp ass net geséchert iwwerliwwert), der Duechter vum (Palzgrof) Hugobert an der Irmina vun Oeren. Well seng Mamm 721 d'Stëfterin vun der Abtei Prüm war, gouf hie Matstëfter.

Seng Duechter war d'Bertrada déi Jonk, d'Fra vum Pippin de Kuerzen, dem fränkeschen Hausmeier a spéidere Kinnek. Den Heribert vu Laon ass deemno de Grousspapp vun der Mamm hirer Säit vum Karel de Groussen.

Um Spaweck änneren

Den Heribert von Laon op mittelalter-genealogie.de