Henri Debehogne

belschen Astronom

Den Henri Debehogne, gebuer den 30. Dezember 1928 zu Maillen (haut en Uertsdeel vun Assesse a gestuerwen de 6. Dezember 2007 zu Uccle[1],[2] war e belschen Astronom.

Henri Debehogne
Gebuer 30. Dezember 1928
Maillen
Gestuerwen 9. Dezember 2007
Uccle/Ukkel
Nationalitéit Belsch
Educatioun Université libre de Bruxelles
Aktivitéit Astronom

Den Debehogne huet op der Universiéit vun Namur studéiert an um Observatoire royal de Belgique zu Uccle geschafft. Hien ass um Gebitt vun der Astrometrie vu Koméiten an Asteroide spezialiséiert.

Hien huet méi wéi 700 Asteroiden entdeckt, dorënner och d'Trojaner (6090) 1989 DJ an (65210) Stichius (dee leschten zesumme mam Eric Walter Elst). Nom Debehogne gouf den Asteroid (2359) Debehogne genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Archive copy Archivéiert op 2012-06-16. Gekuckt de(n) 2016-10-07.
  2. http://www.inmemoriam.be/fr/2007-12-06/henri-debehogne/