Den Hendrik van Gent gebuer 1900, a gestuerwen den 29. Mäerz 1947 zu Amsterdam, war en hollänneschen Astronom.

Hendrik van Gent
Gebuer 14. September 1900
Rotterdam
Gestuerwen 29. Mäerz 1947
Amsterdam
Nationalitéit Holland
Educatioun Universitéit vu Leiden
Aktivitéit Astronom

Hien huet mat sengen Observatiounen um Observatoire vu Leiden an Holland ugefaangen, goung awer no kuerzer Zäit a Südafrika, wou hie laang um Union-Observatoire zu Johannesburg geschafft huet, fir de südleche Stärenhimmel besser erfuerschen ze kënnen.

Hien huet do Enn vun den 20er Joren an Ufanks vun den 30er Joren, 39 Asteroiden entdeckt, dorënner och deen no him genannten Asteroid (1666) Van Gent).

Doriwwer eraus war hie Mat-Entdecker vun 3 Koméiten: den C/1941 K1 (van Gent), den C/1943 W1 (van Gent-Peltier-Damaica) an den C/1944 K2 (van Gent).

De van Gent ass jonk un engem Häerzinfarkt gestuerwen.

Entdeckt Asteroiden änneren

(1132) Hollandia 13. September 1929
(1133) Lugduna 13. September 1929
(1165) Imprinetta 24. Abrëll 1930
(1225) Ariane 23. Abrëll 1930
(1226) Golia 22. Abrëll 1930
(1267) Geertruida 23. Abrëll 1930
(1336) Zeelandia 9. September 1934
(1337) Gerarda 9. September 1934
(1342) Brabantia 13. Februar 1935
(1353) Maartje 13. Februar 1935
(1383) Limburgia 9. September 1934
(1384) Kniertje 9. September 1934
(1385) Gelria 24. Mee 1935
(1389) Onnie 28. September 1935
(1666) Van Gent 22. Juli 1930
(1667) Pels 16. September 1930
(1670) Minnaert 9. September 1934
(1686) De Sitter 28. September 1935
(1689) Floris-Jan 16. September 1930
(1693) Hertzsprung 5. Mee 1935
(1694) Kaiser 29. September 1934
(1738) Oosterhoff 16. September 1930
(1752) van Herk 22. Juli 1930
(1753) Mieke 10. Mee 1934
(1879) Broederstroom 16. Oktober 1935
(1914) Hartbeespoortdam 28. September 1930
(1925) Franklin-Adams 9. September 1934
(1945) Wesselink 22. Juli 1930
(1946) Walraven 8. August 1931
(1986) Plaut 28. September 1935
(2019) van Albada 28. September 1935
(2203) van Rhijn 28. September 1935
(2378) Pannekoek 13. Februar 1935
(2801) Huygens 28. September 1935
(2831) Stevin 17. September 1930
(2945) Zanstra 28. September 1935
(4296) van Woerkom 28. September 1935
(4359) Berlage 28. September 1935
(4511) Rembrandt 28. September 1935


Kuckt och änneren