Déi Helleg Virhaut, (lat. sanctum praeputium) vum Jesus ass eng Reliquie an der réimesch-kathoulescher Kierch, déi vum Jesus vun Nazaret stame soll.

Als Judd gouf de Jesus am Tempel beschnidden, duergestallt vum Friedrich Herlin (1435–1500).

Wéinst der Himmelfaart vu Jesus si vu sengem Kierper nëmmen déi Deeler Rescht bliwwen, déi en an deem Ament net méi soll gehat hunn. Dozou gehéiert d'Virhaut, déi bei der Beschneidung (Brit Mila) den 8. Dag no der Gebuert vun engem jiddesche Jong am Tempel ewech geschnidde gëtt, wéi dat am Lukasevangelium 2, 21 nozeliesen ass.

Am Mëttelalter hu ronn eng Dose Kierchen den Usproch erhuewen, am Besëtz vun där Reliquie ze sinn.

Bis zur Neiuerdnung vum Kierchejoer 1969 ass um 1. Januar d'Fest vun der Beschneidung (lat. Circumcisio Domini) an der Kathoulescher Kierch gefeiert ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Helleg Virhaut – Biller, Videoen oder Audiodateien