Helios ass e Solarfliger, an deem kee sëtzt, dee vun der NASA an der kalifornescher Firma "AeroVironment" entwéckelt gouf.

Den Helios-Solarfliger an der Luucht


Den Numm änneren

D'Originne vum Numm ginn zeréck op de Sonnegott an der griichescher Mythologie, den Helios.

Héichterekord änneren

Mat dem Helios-Solarfliger konnt den 13. August 2001 iwwer Hawaii eng Héicht vun 29.413 Meter erreecht ginn. Domat war de Weltrekord fir Fliger, déi net vu Rakéite gedriwwe sinn, gebrach ginn. Dee war bal 25 Joer virdru vun engem SR-71 Blackbird-Spionagfliger opgestallt ginn, deen eng Héicht vu 25.929 Meter erreecht hat. Déi Zort vu Fluchapparater war geduecht, fir Fuerschung a groussen Héichten duerchzeféieren.

De Fliger änneren

Den Helios huet 580 kg gewien an e gouf vu 14 elektresch Motoren ugedriwwen. D'Spanlängt vun de Flilleke war 75,3 Meter, a sou bal 11 Meter méi grouss wéi déi vun enger Boeing 747-400.

Op de Flilleke waren iwwer 65.000 Solarzelle vun der Firma SunPower montéiert, déi e Wierkungsgrad vun 22 % haten. Bei voller Sonn konnte se 30 kW Leeschtung produzéieren. D'Solarzellen eleng haten 9 Milliounen US Dollar kascht.

De Fliger konnt bis 50 km an der Stonn fléien.

Den Accident änneren

Den 29. Mee 2003 ass den Helios eng 10 Meile vu Kaua op Hawaii an de Pazifik gefall. D'NASA huet Probleme mat der Steierung als Grond uginn.