Den Heliograph oder Pyroheliometer genannt, ass en einfacht Miessinstrument fir d'Bestëmmung vun der Sonneschäindauer an engem Dag. E besteet aus enger grousser Glaskugel, déi als Brennglas wierkt. An der Brennfläch vun der Kugel ass eng Plastik- oder Pabéierssträif mat enger Zäitmarkéierung ugemaach.

Heliograph no Campbell Stokes

Bei Sonneschäi brennt d'Sonn e schmuele Stréch an de Plastik- resp. d'Pabiersträif. Unhand vun der Zäitmarkéierung kann duerno genee bestëmmt ginn, zu wat fir enger Zäit a wéi laang d'Sonn geschéngt huet. Fir d'Bestëmmung vun der Sonneschäindauer ginn d'Zäiten zesumme gezielt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Heliograph – Biller, Videoen oder Audiodateien