Helike (Mound)

Jupitermound


Den Helike (oder Jupiter XLV) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.

Helike
(Jupiter XLV)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2003 J 6
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 21.263.000 km
Periapsis 17.946.000 km
Apoapsis 24.580.000 km
Exzentrizitéit 0,156
Ëmlafzäit 634,8 Deeg
Ëmlafvitess 2,44 km/s
Inklinatioun 154,8°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 4 km
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 22,6
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 6. Februar 2003

Entdeckung änneren

Den Helike gouf de 6. Februar 2003 vun Astronome vum astronomeschen Institut vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut déi virleefeg Bezeechnung S/2003 J 6, a gouf den 30. Mäerz 2005 vun der Internationaler Astronomescher Unioun offiziell no der anticker griichescher Stad Helike genannt.

Bunndaten änneren

Den Helike kreest op enger mëttlerer Distanz vun 21.263.000 km a 634 Deeg an 19 Stonnen ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,156. Mat enger Schréi vun 154,8° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Helike zu der Ananke-Grupp, genannt nom Jupitermound Ananke, gezielt.

Physikalesch Donnéeën änneren

Den Helike huet en Duerchmiesser vu ronn 4 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Hien huet eng ganz donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,6m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren