Heinrich Wilhelm Olbers

franséische Politiker

Den Heinrich Wilhelm Matthias Olbers, gebuer den 11. Oktober 1758 zu Arbergen bei Bremen a gestuerwen den 2. Mäerz 1840 zu Bremen war en däitsche Medezinner an Astronom. Hien hat Methode fir d'Bunnbestëmmung vun Himmelskierper entwéckelt, hat d'Asteroide Pallas a Vesta souwéi sechs Koméiten entdeckt an hat den Paradox mat sengem Numm formuléiert.

Heinrich Wilhelm Olbers
Gebuer 11. Oktober 1758
Hemelingen
Gestuerwen 2. Mäerz 1840
Bremen
Nationalitéit Bremen
Educatioun Universitéit Göttingen
Aktivitéit Physiker, Astronom, Dokter, Politiker
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, American Academy of Arts and Sciences, Académie des sciences, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Accademia Nazionale delle Scienze, Académie nationale de médecine

Liewen änneren

Famill an Ausbildung änneren

Den Olbers koum als dat aacht vu 16 Kanner vum Arberger Paschtouer Johann Georg Olbers op d'Welt. 1760 gouf de Papp an de Bréimer Doum beruff, an d'Famill war an déi deemools Fräi Räichsstad Bremen gezunn. Den Olbers war do an de Pädagogium gaangen, an an den Athenaeum a vu 1771 un an de Gymnasium Illustre. Am Joer 1777 hat hien op der Universitéit Göttingen e Studium a Medeizin ugefaangen. Schonn als Schoulbouf hat hie sech fir d'Astronomie intresséiert. Mat 10 Joer war hie vum Grousse Koméit vu 1769 faszinéiert. Als Student ass hien dann zousätzlech an astronomesch Virliesunge gaangen. 1779, wärend engem medezinesche Praktikum, hat hien eng Method zu der Bunnbestëmmung vun engem Koméit duerchduecht, deen hie wärend der Patientenbewaachung duerch d'Fënster observéiert hat. Ee Joer méi spéit hat hien d'Studium mat enger Dissertatioun iwwer d'mënschlecht A ofgeschloss. 1781 hat hien an der Sandstraße zu Bremer eng Dokterpraxis opgemaach. 1785 gouf hie mat der Dorothea Elisabeth Köhne bestuet. Si war schonn e Joer drop bei der Gebuert vum Meedchen Doris (1786-1818) gestuerwen. 1788 gouf den Olbers fir zweet bestuet. Mat senger zweeter Fra, der Anna Adelheid Lürssen (1765-1820), hat hien e Jong, de spéidere Senator vu Bremen, de Georg Heinrich Olbers (17901861). Nom Doud vum Meedchen a senger zweeter Fra huet den Olbers sech aus dem medezinesche Beruffsliewen zeréckgezunn.

Koméiten a Klengplanéiten änneren

 
D'Teleskop vum Olbers am Focke-Musée

Seng fräi Zäit huet den Olbers bal ganz der Astronomie verschriwwen. Well hie mat nëmme véier Stonne Schlof auskoum, konnt hie vill Himmelsobservatioune maachen. Doriwwer eraus hat hien all d'Opzeechnunge vun opfällege Koméiten ausgewäert, déi zanter 1531 opgedaucht waren. Am Joer 1797 hat hien d'Schrëft Abhandlung über die leichteste und bequemste Methode, die Bahn eines Cometen zu berechnen publizéiert. D'Wierk gouf 1847 an 1864 weider editéiert. Déi dora beschriwwe Method kann och haut nach ouni Weideres gebraucht ginn. Am Joer 1800 gouf am Observatoire Lilienthal bei Bremen op Uregung vum Franz Xaver von Zach d'Astronomesch Gesellschaft gegrënnt. Éischte President gouf de Johann Hieronymus Schroeter, Grënner a Besëtzer vum Observatoire, dee sengerzäit als ausgezeechent ugesi war. Weider Grënnungsmembere waren den Olbers, den Ferdinand Adolf von Ende, de Johann Gildemeister an de Karl Ludwig Harding.

Doriwwer eraus goufen 18 weider eminent europäesch Astronomen als Memberen ugeholl. Zil vun der Gesellschaft war d'Opfanne vun nach onbekannten Himmelskierper an eisem Sonnesystem, besonnesch vun engem virstellbare Planéit tëscht Mars a Jupiter. Dofir gouf den Himmel a 24 Sektiounen ënnerdeelt an an der Géigend vun der Ekliptik intensiv duerchmustert. Den 1. Januar 1801 huet de Giuseppe Piazzi vu Palermo aus, deen éischte Klengplanéit entdeckt, dee spéider (1) Ceres genannt gouf. Den 28. Mäerz 1802 huet den Olbers den (2) Pallas entdeckt, bal op den Dag genee fënnef Joer méi spéit, op den 29. Mäerz 1807 den (4) Vesta. Den Asteroid (3) Juno war den 1. September 1804 vum Harding zu Lilienthal entdeckt ginn.

Spéit Joren änneren

1804 huet den Olbers de jonke Friedrich Wilhelm Bessel kenngeléiert. Hien hat deem säi mathematescht an astronomescht Talent erkannt an hat hien dem Schroeter als Assistent fir den Observatoire Lilienthal als Nofollger vum Harding ugebueden. De Bessel huet du véier Joer am Observatoire Lilienthal geschafft a goung duerno als Professer fir Astronomie op d'Universitéit Königsberg. Wéinst den napoleonesche Kricher koum Norddäitschland Ufank vum 19. Joerhonnert ënner franséisch Herrschaft. Den Olbers gouf 1811 Member vum Corps législatif zu Paräis, ernannt. Duerno war den Olbers dräimol op Paräis gereest, fir den Département vun de Wesermëndungen ze vertrieden. Do hat hie perséinlech Bekanntschaft mam Napoleon Bonaparte gemaach.

Nodeem d'franséisch Herrschaft eriwwer war, hat den Olbers 1814 seng astronomesch Aarbechten nees opgeholl. An de Joren duerno hat hie sechs Koméiten entdeckt, dorënner de kuerzperiodeschen 13P/Olbers, deen am Joer 2024 nees zeréckkënnt. 1826 hat hien den no him genannten Olbers Paradoxon formuléiert. Hien hat doran de Widdersproch opgestallt, datt et nuets déischter gëtt, obscho bei engem onendlechen, transparente Weltraum mat homogeen verdeelte Stären op jiddwer Plaz vum Himmel e Stär misst stoen. Den Himmel misst also och nuets sou hell si wéi d'Sonn.

De Wilhelm Olbers ass 1840 am Alter vun 81 Joer a senger Heemechtstad Bremen gestuerwen.

Éierungen änneren

 
D'Olbers-Denkmal zu Bremen an de Wallanlagen

Schrëften änneren

  • Dissertatio Inavgvralis Physiologica De Ocvli Mvtationibvs Internis. Dissertation. Dieterich, Göttingen 1780 (Digitalisat).
  • Abhandlung über die leichteste und bequemste Methode die Bahn eines Cometen aus einigen Beobachtungen zu berechnen. Weimar 1797. Neuausgabe: Abhandlung über die leichteste und bequemste Methode die Bahn eines Cometen zu berechnen. Mit Berichtigung- und Erweiterung der Tafeln und Fortsetzung des Cometen-Verzeichnisses bis zum Jahre 1847, von Neuem herausgegeben von J. F. Encke. Landes-Industrie-Comptoir, Weimar 1847 (Digitalisat der dritten Ausgabe von 1864).
  • Ueber die Gefahren, die unsere Erde von den Cometen leiden könnte. Gotha 1810 (Digitalisat).

Gesammelt Wierker:

Wilhelm Olbers, sein Leben und seine Werke. Im Auftrage der Nachkommen herausgegeben von C. Schilling. Julius Springer, Berlin.

  • Éischte Band. 1894.

Bréiwer:

  • Diedrich Wattenberg (Hrsg.): Wilhelm Olbers im Briefwechsel mit Astronomen seiner Zeit. Verlag für Geschichte der Naturwissenschaften und der Technik, Stuttgart 1994, ISBN 3-928186-19-1.
  • Adolph Erman(Hrsg.): Briefwechsel zwischen Wilhelm Olbers und Friedrich Wilhelm Bessel. 2 Bände. Avenarius & Mendelssohn, Leipzig 1852. Neidrock 2010: ISBN 978-1-14-986667-2, 978-1-14-407131-6.
  • Carl Friedrich Gauss: Werke, Ergänzungsreihe Bd. 4: Briefwechsel Carl Friedrich Gauss – Heinrich Wilhelm Matthias Olbers. Berlin 1909. Neidrock: Olms, Hildesheim 1976, ISBN 3-487-05669-0.

Bibliographie:

  • Von Bremer Astronomen und Sternfreunden: zur Einweihung der Sternwarte der Olbers-Gesellschaft am 200. Geburtstag von W. Olbers, am 11. Oktober 1958. Hrsg. von Walter Stein. Geist, Bremen 1958, S. 57 f.

Literatur änneren

  • Gerd Biegel, Günther Oestmann, Karin Reich (Hrsg.): Neue Welten. Wilhelm Olbers und die Naturwissenschaften um 1800 (= Disquisitiones Historiae Scientiarum. Braunschweiger Beiträge zur Wissenschaftsgeschichte. Bd. 1). Braunschweigisches Landesmuseum, Braunschweig 2001, ISBN 3-927939-60-9.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Heinrich Wilhelm Olbers – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://www.wegerle-web.de/stadtgeschichte/pdf/gedenktafeln_a-z.pdf
  2. http://www.stadtarchiv.goettingen.de/texte/gedenktafeln_o.htm