Hautbois
Klassifikatioun Aerophon
Holzblosinstrument
Tounëmfank
Änlech Instrumenter Fagott
Museker
Kategorie:Hautboisspiller

Den Hautbois ass en Holzblosinstrument.

Den Hautbois an der Systematik vun de Musekinstrumenter änneren

Den Hautbois gehéiert an der Sachs / Hornbostel-Systematik zu den aerophonen Instrumenter; an dodran zu de Rouerblatinstrumenter.

D'Instrument änneren

 
Wiener Hautbois 19. Joerhonnert, privat Sammlung Dominique Enon

Den Hautbois an d'Instrumenter aus senger Famill ginn duerch en Duebelrouerblat ugeblosen. E besteet aus engem riichte, konesche Rouer aus Pällemholz vu 60 cm, deen aus dräi Deeler besteet: d'Uerwerstéck, Ënnerstéck a Schallstéck. Dobäi kënnt nach d'Mondstéck, dat klengt Doubelrouerblat dat beim Blosen tëscht d'Lëpse geholl gëtt. Den Deckelsystem besteet aus oppene Grëfflächer, Rankklappen an zouenen Deckele fir déi chromatesch Tounleeder; dann aus Oktavdeckelen an Hëllefs- an Trillerklappen, änlech wéi bei de Flütten. Beim Spille gëtt den Hautbois schréi no ënne gehal.

Den Toun ass net ganz haart, mä dee spezifesche Klang fält direkt op.

D'Geschicht änneren

D'Instrumenter aus der Hautboisfamillje gehéieren zu den eelste Blosinstrumenter iwwerhaapt. Dat aalt Griicheland huet se als aulos (Méizuel: auloi) kannt, Roum als tibia (Méizuel: tibiae). All Statuetten, déi fonnt goufen, deiten drophin, datt 2 där Instrumenter ugewénkelt bei de Mond gefouert si ginn. Déi eelst Miniatur staamt aus der Kyklade-Kultur aus der Mëtt vum 3. Joerhonnert virun eiser Zäitrechnung.

Zanter dem Mëttelalter fanne mer se bei den Hierden, besonnesch an dem ëstlechen Europa; den Numm war Schalmei, dat war eng Verdäitschung vum franséische chalumeau, dat sengersäits vum laténgesche calamus (Rouer oder Hallem) ofstaamt. No an no sinn d'Schalmeie méi grouss gebaut ginn. Am Däitsche krute se den Numm Pommer, Bommer, Bomhart, Bombardo.

D'Hautbois-Familljen änneren

De Repertoire fir Hautbois änneren

Hautbois solo änneren

Hautbois a Piano änneren

Hautbois a Basso Continuo änneren

  • Johann Sebastian Bach: Sonat fir Hautbois an Cembalo (Dat ass eng Variant vun der Sonat fir Flütt a Basso continuo BWV 1030)
  • Georg Friedrich Händel: Sonat fir Hautbois a Basso continuo an aner Sonate mat Gei, Fagott oder B.c.

Bléiser a Piano änneren

Hautbois-Concerten änneren

vu ville Komponisten:

D'Fabrikanten änneren

Frankräich änneren

Däitschland änneren

  • Ludwig Frank & Frank Meyer GbR, Berlin
  • Gebrüder Mönnig – Oscar Adler & Cie.

Hautbois-Bléiser änneren

Den Hautbois an der Jazz-Musek änneren

Literatur iwwer den Hautbois änneren

  • Friedrich Blume, Erausg.: Die Musik in Geschichte und Gegenwart. Kassel, Basel, London, New York, Bärenreiter-Verlag, 1961, Band 9, S. 1777 ff.
  • Scott Deveaux,Barry Kernfeld, Erausg.: The New Grove Dictionary of Jazz Music and Musicians. New York: Macmillan Press Limited, 1988, vol. 2, 401.
  • Marc Schaeferdiek: Der Oboen-Doktor. Reparatur- und Pflegehilfe Coblenz am Rhein, Egge Verlag

Um Spaweck änneren

Commons: Hautboisen – Biller, Videoen oder Audiodateien