Den Haut Folin ass déi héchst Plaz am Biergmassiv Morvan, an der Bourgogne, um Territoire vun der Gemeng Saint-Prix. En ass 901 m héich, an op der Kopp steet en Televisiounsrelais.

Bei ganz klorem Wieder kann ee vum Haut Folin aus de Mont Blanc gesinn, deen eng ronn 250 km wäit ewech ass.

De Bas Folin, dee ronn 1,5 dovun ewech läit, ass 831 m héich.