Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Hassan Rohani (och als Rouhani, Rowhani oder H. Ruhani transkribéiert; Persesch حسن روحانی - Ḥasan Rūḥānī), gebuer als Hassan Feridon den 13. November 1948 zu Sorkheh, ass en iranesche Politiker a schiittesche Rechtsgeléierten. Zanter dem 3. August 2013 ass hien de siwente President vun der Islamescher Republik Iran.

Hassan Rohani
Portrait 2017
Gebuer 12. November 1948
Sorkheh
Nationalitéit Iran
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Schrëftsteller, Kleriker, Affekot

De Kleriker Rohani gëllt fir iranesch Verhältnesser als moderat. Hien huet ugekënnegt, eng Biergerrechts-Charta aféieren ze wëllen, an anescht wéi säi Virgänger Mahmud Ahmadinedschad d'Zesummenaarbecht mat der Weltgemeinschaft nees ze verbesseren. Am Atomsträit trëtt hien a priori fir e Kompromëss an, fir eng Ophiewung vun den internationale Sanktioune géint säi Land z'erreechen, déi zu enger grousser Wirtschaftskris gefouert hunn.

Um Spaweck änneren

Commons: Hassan Rohani – Biller, Videoen oder Audiodateien