Happ
Den Happ (Hopfen), (botanesch: Humulus L.) ass eng Planzegattung an der Famill vun den Hanfgewächser. Et si Kloterplanzen. De bekanntste Vertrieder aus der Gattung ass den Echten Happ (Humulus lupulus), deen als Zousatz an der Béierproduktioun gebraucht gëtt an dem Béier säi battere Geschmaach verschaaft.
Heelplanz[1] änneren
An den Happzapen ass, nieft anere Wierkstoffer, de Batterstoff Lupulin enthalen. Als Téi gedronk, ass den Happ wierksam bei nervösem Kappwéi, Daarmkrämp, Duerchfall, Giicht, Rheuma an e wierkt als Schlofmëttel. Den Happtéi däerf awer net als Dauergedrénks benotzt ginn.
Referenzen änneren
- ↑ E. Wendelberger: Heilpflanzen, BLV Verlag 1981, ISBN 3-405-12205-8
Um Spaweck änneren
Commons: Humulus – Biller, Videoen oder Audiodateien |