Den Hans-Joachim Stuck, gebuer den 1. Januar 1951 zu München, ass en däitschen Autosportler. Hien ass de Bouf vum Hans Stuck, engem vun de bekanntsten däitsche Autoscoureure vu virum Zweete Weltkrich.

Hans-Joachim Stuck
Gebuer 1. Januar 1951
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Formel-1-Pilot

Biographie änneren

Als excellente Pilot an der Tourismus-Klass an an der Formel 2 kënnt hien an der Saison 1974 bei d'Formel 1 an der Ecurie March. Hie fiert bis 1979 awer ni mat ganz groussem Succès, hie war mat 1,94 m och e bësselchen ze grouss fir an engem Monoplace déi optimal Leeschtung kënnen ze bréngen. 1977 fiert hie bei Brabham als Ersatzpilot fir de Carlos Pace, gëtt awer schonn dat nächst Joer vum Niki Lauda ersat, an e kënnt och net méi an d'Formel 1 zeréck.

No 1979 fiert hien erëm an der Tourismus-Klass an a Laangzäitcourssen. Hie gewënnt zweemol d'24 heures du Mans, (1986 a 1987), an d'Meeschterschaft vun der DTM am Joer 1990.