Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Hanf (Cannabis L.) ass eng Planzegattung bannent der Famill vun den Hanfgewächser (Cannabaceae).

Gewéinlechen Hanf
Hanf (Cannabis sativa L.)
Illustratioun aus "Köhler's Medizinalpflanzen"
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Uerdnung Rosales
Famill Cannabaceae
Wëssenschaftlechen Numm
Cannabis
L.

Systematik änneren

Geneetesch Fuerschunge vum Amerikaner Karl W. Hillig aus dem Joer 2003[1] un 157 Hanfpopulatioune weltwäit an nofollgend Publikatiounen[2] hunn d'Existenz vun 2 Hanfaarte confirméiert:

Vum Indeschen Hanf ginn et hautdesdaags ronn 20.000 geziichten Hanfzorten.

Hanf zu Lëtzebuerg änneren

Kultur-Hanf gëtt zu Lëtzebuerg schonns zënter ville Joerhonnerten kultivéiert. Déi eelst Noweiser vun Hanf an Europa datéieren ca. 5500 Joer zeréck (Géigend vun Eisenberg, Thüringen, Däitschland). D'Hanfkultur koum virum Zweete Weltkrich op en Enn a gouf am Joer 1996 am Kader vun engem LEADER II-Projet am Éislek nees opgeholl, virun allem fir Hanfueleg ze produzéieren. Zanter Mëtt 2023 ass et zu Lëtzebuerg gesetzlech erlaabt, fir den Indeschen Hanf unzebauen, deen an der Medezin oder als Rauschmëttel ka benotzt ginn.

Am 19. Joerhonnert war den Hanf zu Lëtzebuerg déi heefegst Textilkultur, nach virum Fluess: "Hie [3] gëtt zënter immemorabelen Zäiten ugebaut fir säi Som, deen Ueleg hiergëtt, a fir seng Stiller déi Fasere liwweren. ... Hautdesdaags ginn den Hanf an de Fluess nëmme nach fir den eegene Bedarf ugebaut an dacks ass de Wäert vum Ertrag vun de Ribben[4], déi als Niewekultur kultivéiert ginn, méi héich wéi den Haaptertrag. ... D'Réischte vum Hanf a vum Fluess geschitt andeems d'Stiller eng Zäitchen op enger Wiss ausgebreet leie bleiwen." [5]

Literatur änneren

  • Fischer, E., 1860. Notices historiques sur la situation agricole du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: V. Bück. 2e éd., 254 pp. [op a-z.lu digital verfügbar]

Kuck och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Hanf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loran C. Anderson (1980): Leaf variation among Cannabis species from a controlled garden. Botanical Museum Leaflets, Harvard University 28 (1): 61–69. JSTOR:41762825
  2. Karl W. Hillig, Paul G. Mahlberg: A chemotaxonomic analysis of cannabinoid variation in Cannabis (Cannabaceae). In: American Journal of Botany, 91, 2004, S. 966–975, doi:10.3732/ajb.91.6.966.
  3. Den Hanf ass hei gemengt.
  4. Fr.: navet, Brassica rapa L. subsp. rapa
  5. Cf. Fischer 1860: 151-152.