Den Hakainde Hichilema, gebuer de 4. Juni 1962 zu Hachipona bei Monze, an der deemoleger Federatioun vu Rhodesien an Njassaland, haut Sambia, ass e sambesche Politiker, Geschäftsmann an zanter dem 24. August 2021 de President vu Sambia.[1]

Hakainde Hichilema
Gebuer 4. Juni 1962
Nationalitéit Sambia
Educatioun Universitéit vu Birmingham
Aktivitéit Ekonomist, Politiker

Hien huet fir eng Rëtsch Consultingfirme fir Entreprise geschafft a war President vun en ettleche Gesellschaften. Als Privatentrepreneur ass hien zweetgréisste Véiziichter a Sambia a Multimillionär ginn.[2]

Hien huet zanter 2006 fënnefmol bei de Presidentschaftswale kandidéiert, krut awer keens genuch Stëmmen. 2021 huet et dunn, am sechsten Ulaf, geklappt: Mat 59,02 % louch hien däitlech viru sengem Opponent, dem Staatspresident bis dohin Edgar Lungu.

Den Hichilema ass och President vun der United Party for National Development (UPND).

Um Spaweck änneren

  • Fiche bei Grant Thornton Ltd.

Referenzen änneren

  1. Dickens Olewe: "Hakainde Hichilema: Zambia's new president inspires African opposition leader." bbc.com, 2021-08-24
  2. Aislinn Laing "Africa needs leaders to run countries like CEOs, Zambia's opposition leader says." telegraph.co.uk, 2015-01-19.