Hageslag (nl. fir "Knëppelsteng") ass eng hollännesch Preparatioun aus Schockela oder gefierftem Zocker a Form vun dënnen, räiskärlaangen Zylinderen oder Grimmelen, déi geduecht ass fir op eng Botterschmier ze streeën a sou z'iessen.

Hagelslag
Eng Schmier mat Hagelslag

Geschicht änneren

Am Ufank vum 20. Joerhonnert huet d'Amsterdamer Lakritzefabréck Van Voornfel & Co, déi spéider Venco, ugefaange kleng wäiss Käre mat Anäisgeschmaach ze produzéieren. Wéi en Numm derfir gesicht gouf, koum den Direkter B. E. Dieperink op d'Iddi fir se Hagleslag ze nennen, well se klenge Knëppelsteng geglach hunn. Déi eischt Reklamm fir d'Produkt gouf 1908 an der Zeitung De Telegraaf gemaach a gouf als de nieuwste en fijnste delicatesse voor boterham en beschuit (déi neist a fäinst Delikatess fir op d'Schmier oder Biskotten) beschriwwen.[1]

D'Schockelashagelslag hunn net laang op sech waarde gelooss a koumen 1913 op de Maart, an dat mat sou engem grousse Succès, datt se den Numm Hagelslag fir sech iwwerholl hunn an déi wäiss als Anijshagel verkaaft goufen.

Baussent Holland fënnt een es éischter seelen, an e gëtt do éischter gebraucht, fir z. B. Kuchen ze dekoréieren.

Zu Lëtzebuerg gëtt en heiansdo am Geck Maisdreck(er) genannt.[2]

Um Spaweck änneren

Commons: brown chocolate sprinkles – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Waar kom hagelslag vandaan? Institut voor Nederlandse Lexicologie
  2. Luxemburger Wörterbuch, engelmann.uni.lu.