Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kräizer HMS Belfast (C35). Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Belfast (Homonymie).

D'HMS Belfast ass e brittescht Krichssschëff, dat haut als Musée op der Themse zu London no beim Tower verankert ass. D'HMS Belfast hat d'Kennzeechnung C35 a war de gréisste Liichte Kräizer vun der Royal Navy am Zweete Weltkrich.

D'HMS Belfast an hirem Londoner Hafen, am Hannergrond d'Tower Bridge

D'Schëff gouf 1936 bei der Werft Harland & Wolff, zu Belfast, op Kiel gesat a 1939 bei der Royal Navy an Déngscht geholl. Et huet eng Längt vun 187 m, an eng Verdrängung vun 11.553 Tonnen.

Um Spaweck änneren

Commons: HMS Belfast (C35) – Biller, Videoen oder Audiodateien