Dësen Artikel beschäftegt sech mam Fligerdréier Ark Royal (91). Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl.: Ark Royal.

D'HMS Ark Royal (91) war e Fligerdréier vun der Royal Navy, deen am  Zweete Weltkrich am Déngscht war. E gouf den 13. November 1941 vum däitschen U-Boot, U-81 viru Gibraltar um 16:37 Auer torpedéiert an ass den Dag duerno um 08:13 Auer ëstlech vu Gibraltar op der Positioun 36° 03’ 00’’ N 04° 45’ 00’’ W ënnergaangen.

D'HMS Ark Royal

D'Ark Royal war 1934 no de Restriktiounskrittäre vun der Washingtoner Flottekonferenz, bei der Werft Cammell Laird and Company, Ltd. zu Birkenhead, England gebaut ginn. D'Schëff gouf 1938 fäerdeg a war bei verschiddenen Operatioune souwéi beim leschte Gefecht vun der Bismarck derbäi, huet verschidden Attacken an hirer kuerzer Carrière iwwerstan a gëtt ëmmer nach an England mat Stolz als eent vun de berüümtste Schëffer betruecht.

Um Spaweck änneren

Commons: HMS Ark Royal (91) – Biller, Videoen oder Audiodateien