HD 98800 ass e véierfacht Stäresystem. D'System läit am Stärebild Crater a besteet et aus zwéi Duebelsystemer déi sech ëmkreesen an d'Duebelsystemer zesummen ëmkreese sech och nach. Dat besonnescht drun ass, datt d'Duebelsystem HD 98800B vun enger Stëbscheif ëmginn. An hir goufe fräi Plaze fonnt an et gëtt gerätselt, ob dës Plazen op Grond vun der Komplexitéit vum System zesummenhänken oder ob dës op d'Formung vu jonke Planéiten hiweist. D'Stëbscheif ass an zwéi Beräicher gedeelt. De baussenzegste Beräich huet vum Duebelstär en Ofstand vu ronn 5,9 Astronomesch Eenheeten a besteet méiglecherweis aus Koméiten oder Asteroiden. De bannenzegste Beräich huet eng Distanz vun 1,5 bis 2 Astronomesch Eenheeten zum Duebelsystem. Hie besteet warscheinlech aus klenge Stëbsdeelercher. Déi béid Systemer HD 98800B an HD 98800A sinn ongeféier 50 Astronomesch Eenheete vuneneen ewech.

Eng bildlech Duerstellung vum HD 98800

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

astronews.com