Den HD 10180 ass e sonnenänleche Stär am Stärebild Hydrus (kleng Waasserschlang), hien ass 128 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.

HD 10180
Stär HD 10180
Stärebild: Hydrus (Hyi)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 01h 37m 53.576s
Deklinatioun - 60° 30' 41.50"
visuell Magnitude + 7,33 mag
Spektralklass: G1 V
Astrometrie
Radialvitess: 35,3 ± 0,2 km/s
Parallax 25,63 ± 0,38 mas
Distanz 127,3 ± 1,9 Lj
Absolut Hellegkeet +4,4 mag
Aner Bezeechnungen
Bayer-Bezeechnung
CD −61° 285
Henry-Draper-Katalog HD 10180
Hipparcos-Katalog HIP 7599
SAO-Katalog SAO 248411
Tycho-Katalog TYC 8850/1715/1
Kaart vum Stärebild Hydrus

Wärend enger sechsjähreger Studie mat Hëllef vum HARPS-Spektrograph am 3,6-m-Teleskop vum La-Silla-Observatoire vum Europäesche Südobservatoire am Chile gouf festgestallt, datt de Stär e Planéitesystem vun op d'mannst sechs bis siwe Planéiten huet.

D'Planéitesystem vum HD 10180 änneren

  • Den HD 10180 b ass en netkonfirméierten Objet. De méigleche Planéit läit 0,02 AE vum Stär ewech, a brauch eppes méi wéi een Dag fir een Ëmlaf an huet eng Mindestmass, déi ongeféier der Mass vun der Äerd entsprécht.
  • Den HD 10180 c läit 0,06 AE vum Stär ewech (zirka 6-mol méi no wéi de Merkur bei der Sonn), a brauch 5,4 Deeg fir en Ëmlaf an huet eng Mindestmass vu ronn 13 Äerd- oder 0,04 Jupitermassen.
  • Den HD 10180 d läit ongeféier 0,1 AE vu sengem Stär ewech, a brauch ongeféier 11,5 Deeg fir en Tour an huet eng änlech Mindestmass wéi den HD 10180 c.
  • Den HD 10180 e beweegt sech ongeféier ronn 0,3 AE ewech vum HD 10180 (eppes méi no wéi de Merkur bei der Sonn), brauch ronn 60 Deeg fir eng Ëmronnung an ass mat enger Mindestmass vu ronn 0,08 Jupitermasse warscheinlech e Gasris.
  • HD 10180 f läit 0,5 AE vom Zentralstär (eppes méi no wéi d'Venus bei der Sonn), brauch ronn 129 Deeg fir eng Ëmronnung an huet eng Mindestmass wéi den HD 10180 e.
  • Den HD 10180 g ass 1,4 AE vu sengem Stär ewech (änlech wéi de Mars bei der Sonn), a brauch zirka 1,7 Joer fir en Ëmlaf an huet ongeféier 0,7 Jupitermassen.
  • Den HD 10180 h beweegt sech op ronn 3,4 AE vum HD 10180, a brauch ronn 6,3 Joer fir en Ëmlaf an ass mat zirka 0,2 Jupitermassen deen Exoplanéit mat der gréisster Mindestmass ënner de bekannte Planéite vum System.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: HD 10180 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Kënschtleresch Animatioun vum Planéitesystem